De Jean Dumont, gebuer de 16. Januar 1889 an der Stad Lëtzebuerg, an och do den 13. Juni 1962 gestuerwen,[1] war e lëtzebuergeschen Ingenieur, dee sech fir Geschicht an Archeologie vu Lëtzebuerg begeeschtert huet an en ettlech Publikatiounen doriwwer erausbruecht huet.[2]

Jean Dumont
Gebuer 16. Januar 1889
Lëtzebuerg
Gestuerwen 13. Juni 1962
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Archeolog, Ingenieur

Hien huet op der Schmelz zu Hayange geschafft, ier en an der Stad Lëtzebuerg eng Quincaillerie opgemaach huet.

De Jean Dumont war Grënnungsmember vum Institut Grand-Ducal, section linguistique de folklore et de toponymie an huet ë. a. an der Zäitschrëft T'Hémecht an an der Revue Trimestrielle d'études linguistiques, folkloriques et toponymiques vum IGD d'Resultater vu senge Recherchë publizéiert.

Am Beräich vun der Archeologie waren dat der iwwer neolitesch Fondsaachen am Bësch Fënnefter beim Hammhaff an der Gemeng Bäerdref, an Ausgruewungen an der Iechternacher Basilika (1949 bis 1951), déi e geleet hat.

Duerch säin Doud, 1962, konnt hie seng Aarbechten un enger Nei-Editioun vum Nicolas Gredt sengem Sagenschatz des Luxemburger Landes net op en Enn bréngen.

Literatur änneren

  • Joseph Hess: "Jean Dumont." Bulletin de la section linguistique de l'Institut Grand-Ducal, 1963, n° 10, p. 64.

Referenzen änneren

  1. Fiche am Autorenlexikon
  2. Quell, wou net anescht uginn: Julien Biver, Loïc François: "Jean Dumont et l'abri Fënnefter: contextualisation de l'archéologie luxembourgeoise d'après-guerre." Archeologia luxemburgensis, Bulletin du Centre national de recherche archéologique 1, 2014, S.31-42.