Prosper Friob
lëtzebuergesche Moler
De Prosper Albert Nicolas Friob, gebuer den 3. Juni 1902 zu Rued bei Ell, a gestuerwen den 21. Dezember 1995, war Zeecheprofesser zu Esch-Uelzecht a Lëtzebuerg. De Spëtznumm deen hie vun de Schüler krut war de Fribchen, a sou war hien dann och spéider soss duerch d'Land bekannt.
Prosper Friob | |
---|---|
Gebuer |
3. Juni 1902 Rued |
Gestuerwen | 21. Dezember 1995 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler |
Hien huet zu Wien studéiert an ass besonnesch als lëtzebuergesche Moler bekannt, haaptsächlech duerch seng Uelegbiller vu Clownen. An hir Gesiichter huet hien eng grouss Sentimentalitéit geluecht. Ënner senge Wierker sinn och vill Landschaften. Doriwwer eraus huet de Prosper Friob a senger Fräizäit och nach Geie gebaut an ettlech Skulpturen hannerlooss.
Auszeechnungen
änneren- De Prosper Friob war Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne
Literatur
änneren- APEA:Regard, Album erausgi vun der Association des Professeurs d'Education Artistique de l'Enseignement Secondaire et Supérieur, 1987, Éditions St.-Paul
Galerie vun Tableauen a Skulpture vum Prosper Friob
änneren-
Nu 1
-
Nu 2
-
Nu 3
-
Nu 4
-
Portrait vu sech
-
Portrait vu sech als Clown
-
D'ganz Famill
-
Fra mat der Gei
-
Al Dikkrecher Kierch
-
Clown mat der Dunn
-
Clownen am Zirkus
-
Schwéier beschäftegte Clown
-
Zwéin Clownen
-
Porquerolles
-
Idyllesch Landschaft
-
Bauerenhaiser
-
Bierken am Wand
-
Um Stauséi
-
Um Stauséi 2
-
Our 1
-
Our 2
-
Our 3 (Biwwels)
-
Nonnen am Reen
-
Quirinuskappell
-
Buerg Els
-
Muttergottes
-
Fraekapp
-
Spill op der Flütt
-
Reider um bloe Päerd
-
Dräi Skletter
-
Lugubert Spill um Grafhiwwel
-
D'Schëff vu sengem Jong Tommy
-
Deus ex machina
-
Beim Kaartespill
-
Ale mann
-
Zëmmer mat Uewen
-
Dem Luthier Prosper Friob seng Geien
-
Hollerecher Kierfecht, wou de Prosper Friob begruewen ass