Geschicht vun der Lëtzebuerger Arméi

History template.gif Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Geschicht vun der Lëtzebuerger Arméi huet hir Ufäng an der Miliz, déi 1817 ënner dem Kinnek-Groussherzog Wëllem I. gegrënnt gouf.

De Korps, ëm 1910 (Foto: Ch. Bernhoeft)

Miliz (1817-1841)Änneren

Den 8. Januar 1817 huet de Kinnek-Groussherzog Wëllem I. e Gesetz iwwer d'Organisatioun vun enger Miliz verëffentlecht, déi eng 3.000 Leit gezielt huet, déi bis 1840 an Unitéite vun der hollännescher kinneklecher Arméi gedéngt hunn.

Den Déngscht war op 5 Joer ugeluecht, wouvun dat éischt Joer aktiven Déngscht war, an déi aner Joer de Wierflichtege just dräi Méint am Joer mobiliséiert gouf.

An de Joren 1830 bis 1839 gouf wéinst der belscher Revolutioun de facto kee Lëtzebuerger agezunn.

Lëtzebuergesche Bundeskontingent (1841-1867)Änneren

 
Uniforme vum Bundeskontingent

De Lëtzebuergesche Bundeskontingent (Luxemburgisches Bundeskontingent, Contingent fédéral luxembourgeois) war déi Trupp, déi Lëtzebuerg als Member vum Däitsche Bond, huet missen zur Verfügung stellen. De Bundeskontingent war baussent der Festung Lëtzebuerg stationéiert, wou bis 1867 eng preisesch Garnisoun war.

Am Ufank:[1]

  • E Jeeërbatailloun zu Iechternach
  • Eng Kavallerieschwadroun zu Dikrech (am November 1846 ofgeschaaft[2])
  • Een Artilleriesdetachement zu Ettelbréck (am November 1846 ofgeschaaft[2])

D'Truppestäerkt war 1977 Mann, dovun 1.319 aktiver, 220 an der éischter Reserve a 439 an der zweeter.

Mam Arrête royal grand-ducal vum 25. November 1846[1][2] goufen d'Kavallerie an d'Artillerie ofgeschaaft an de lëtzebuergeschen Deel vum Bundeskontingent gouf vum limburgesche getrennt. Den aktiven Effektiv gouf op 1.602 Mann festgeluecht, déi an zwéi Bataillounen opgedeelt waren. An der Reserve waren zwou Kompanië mat am Ganze 533 Mann, an eng Depotskompanie mat mat 267 Mann[3].

  • 1. Jeeër-Batailloun zu Iechternach
  • 2. Jeeër-Batailloun zu Dikrech

Wéi nom Preisesch-Éisträichesche Krich den Däitsche Bond zesummegebrach ass a Lëtzebuerg duerch den Traité vu London neutral gouf, war et als eng vun de Konsequenze mam Bundeskontingent eriwwer.

Jeeërkorps (1867-1881)Änneren

De Lëtzebuerger Jeeërkorps gouf mat engem Gesetz vum 10. September 1867 op d'Been gestallt a krut den Numm Luxemburgische Jäger. D'Truppen hunn am Ufank aus engem État-major an zwéi Batailloune bestanen[4].

Korps vun de Gendaarmen a Fräiwëllegen (1881-1944)Änneren

Mam Gesetz vum 16. Februar 1881 gouf nieft dem Gendarmeriekorps och e Korps vun Fräiwëllegen, déi sou genannt Fräiwëllegekompanie an d'Liewe geruff[5]. Se huet souwuel de Militär- wéi och de Garnisounsdéngscht zu Lëtzebuerg geleescht. Wann et néideg war, konnt se geruff gi fir de Gendaarmen ze hëllefen. Do dernieft war se do fir Personal fir d'Gendarmerie, d'Douane oder aner Verwaltungen zur Verfügung ze stellen.

Lëtzebuerger an der Brigade Piron (1944)Änneren

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Brigade Piron

 
Lëtzebuergesch Besatzungszon an Däitschland 1945-1955

No der Liberatioun (1944-1967)Änneren

D'Korea-Volontairë gehéieren do dozou.

24. Juli 1945: Den 1. Batailloun vun der neier Arméi gëtt zu Walfer vereedegt.[6]

25. Juli 1945: Den 2. Batailloun gëtt zu Diddeleng vereedegt.

1. Januar 1966: Ënner dem Arméisminister Marcel Fischbach gëtt d'obligatoresch Déngschtzäit vun 9 op 6 Méint erofgesat, wat zu engem Konflikt mam "Chef d'État-major" a spéider zu enger Regierungskris gefouert huet.

30. Juni 1967: Den obligatoresche Militärdéngscht gëtt duerch d'Gesetz vum 29. Juni 1967 ofgeschaaft[7].

Aktuell Fräiwëllegenarméi (1967 bis haut)Änneren

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëtzebuerger Arméi

LiteraturÄnneren

  • L. Jacoby & R. Trauffler, Freiwëllegekompanie 1940-1945; Lëtzebuerg (Sankt Paulus), 1980.
  • Jacques Dollar & Robert Kayser, Histoire de la 'Luxembourg Battery; Lëtzebuerg (Impr. Centrale), 1982; 200 Säiten (ill.).
  • Paul Cerf, Le Luxembourg et son armée - Le service obligatoire au Luxembourg de 1945 à 1967; Lëtzebuerg (RTL Édition), 1984; 218 Säiten (ill.).
  • Jacques Leider, L'armée luxembourgeoise d'après-guerre - Structures, fonctions, fonctionnement; Lëtzebuerg (Saint Paul), 1993.
  • Paul Modert, Le Luxembourg participe à l'occupation de l'Allemagne après 1945 (11 novembre 1945 - 10 septembre 1955); in: Collection Les Amis de l'Histoire, Heft XIII, Ss. 51-129; Lëtzebuerg (Imprimerie Linden), 1983.
  • Armand Blau, Krieg im Land der Morgenstille - Der Luxemburger Einsatz in Korea; Lëtzebuerg (Sankt Paulus), 1993.
  • Willy Bourg & André Muller, Eis Garde - Die Geschichte der Großherzoglichen Garde (1945-1966) im Rahmen der luxemburgischen Pflichtarmee; Lëtzebuerg (Sankt Paulus), 1990; 464 Säiten (ill.).
  • Anonym/Kollektiv, Historique - Livre d'or: Premier Bataillon d'Artillerie de l'Armée luxembourgeoise; Lëtzebuerg (Impr. OSSA), 1967; 50 Säite mat villen Illustratiounen.

Um SpaweckÄnneren

Commons: Geschicht vun der Lëtzebuerger Arméi – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an NottenÄnneren

  1. 1,0 1,1 Wirion, L., 1946. La Force Armée du Grand-Duché de Luxembourg, 1815 à 1945. Les Cahiers luxembourgeois, 1946, N° 2, S. 126-141. N° 3/4, S. 202-215.
  2. 2,0 2,1 2,2 Memorial Nr 67, 1846, S. 621-622 (Königlich Großherzoglicher Beschluß vom 25. November 1846, wodurch eine neue Organisation des Luxemburgischen Bundes-Contingents, in Folge des Beschlusses der Hohen Bundes-Versammlung vom 23. Juli 1846, verordnet wird).
  3. Armée luxembourgeoise, Le Contingent Fédéral (1841-1867)
  4. (de)Königl.-Großherzöglicher Beschluß vom 10. September 1867, betreffend die Organisation des Luxemburgischen Jäger-Corps. legilux.public.lu (10.09.1867). Gekuckt de(n) 01.11.2020.
  5. (fr)Loi du 16 février 1881 sur l'organisation de la force armée. legilux.public.lu (16.02.1881). Gekuckt de(n) 01.11.2020.
  6. Bulletin d'information N°8 vum Ministère d'État
  7. (fr)Loi du 29 juin 1967 portant abolition du service militaire obligatoire (...). legilux.public.lu (29.06.1967). Gekuckt de(n) 01.11.2020.