Gendarmerie grand-ducale

D'Gendarmerie grand-ducale war zu Lëtzebuerg e Corps vun der ëffentlecher Sécherheet deen ënner verschiddenen Nimm vu 1733 bis den 31. Dezember 1999 bestanen huet. Duerch d'Gesetz vum 31. Mee 1999[1] goufen d'Gendarmerie grand-ducale an d'Police zur Police grand-ducale fusionéiert.

E Gefier dat vun der Gendarmerie vun 1991 bis 1999 benotzt gouf, haut am Policemusée (2016)
Garde d'honneur vun der Gendarmerie um Findel wärend der Staatsvisitt vun der hollännescher Kinnigin Juliana (1951).
Och hautdesdaags gëtt et nach Stroossennimm déi un d'Gendarmerie erënneren…

D'Gendarmerie grand-ducale stoung, wéi och d'Arméi a wéi d'Police, ënner der Tutelle vum Ministère vun der ëffentlecher Muecht (Ministère de la force publique). Dës Tutelle huet awer nëmmen déi intern Organisatioun betraff, fir geriichtlech Affären, stoung d'Gendarmerie, wéi och d'Police, ënner der Autoritéit vum Justizministère.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. Cf. Loi du 31 mai 1999 portant création d'un corps de police grand-ducale... Mémorial A Nr. 87: 1801-1824 vum 5. Juli 1999