Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Jacques P. Leider, gebuer 1962 zu Dikrech, ass e lëtzebuergeschen Historiker.

No senger Maîtrise op der Universitéit Paris IV (bis 1988) huet de Jacques Leider de Stage absolvéiert (1988-1991), fir Professer am Enseignement secondaire ze ginn. 1990 huet hien eng gréisser Aarbecht (Mémoire scientifique) iwwer d'Lëtzebuerger Nokrichsarméi verdeedegt. Säi Mémoire pédagogique huet sech mat den deux Luxembourg beschäftegt.

1998 huet de Jacques Leider um Institut national des langues et civilisations orientales (INALCO) eng Dokterthese zum Theema Le royaume d'Arakan (Birmanie): son histoire politique entre le début du XVe et la fin du XVIIe siècle mat Erfolleg verdeedegt.

Zanter 2001 ass hie Member vun der École française d'Extrême-Orient. Hien huet dovun de Fuerschungszentrum zu Yangon gegrënnt a wärend fënnef Joer geleet.

An enger dräijähreger Fuerschungsaarbecht huet hien et fäerdegbruecht, e beschiedegte Gëllene Bréif a birmanesche Schrëftzeechen aus dem Joer 1756 z'entzifferen, deen de Kinnek Alaungpaya vu Burma un de George II. vu Groussbritannien geschéckt hat.

Publikatiounen (Auswiel) änneren

  • L'armée luxembourgeoise d'après-guerre - Structure, fonctions, fonctionnement ; Lëtzebuerg (Sankt-Paulus), 1993.
  • Le Royaume d'Arakan, Birmanie. Son histoire politique entre le début du XVe et la fin du XVIIe siècle ; Paräis (EFEO), 2004; 544 S.
  • King Alaungmintaya's Golden Letter to King George II (7 May 1756): The story of an exceptional manuscript and the failure of a diplomatic overture ; Hannover (Gottfried Wilhelm Leibniz Bibliothek), 2009; 141 S. (Link op d'Dokument am pdf-Format)

Literatur änneren

  • Paul Dostert, Un regard d'historien sur l'armée luxembourgeoise d'après-guerre ; in: forum, Nr. 150, Mäerz 1994; Ss. 21-23.