Bronisław Komorowski

polnesche Politiker

De Grof Bronisław Maria Komorowski, gebuer de 4. Juni 1952 zu Oborniki Śląskie[1], ass e polnesche Politiker. Hie war vun 2010 bis 2015 President vun der Republik Polen.

Bronisław Komorowski
Gebuer 4. Juni 1952
Oborniki Śląskie
Nationalitéit Polen
Aktivitéit Politiker, Historiker, Dissident
Partei Biergerplattform
Famill
Bestuet mat Anna Komorowska
Papp Zygmunt Komorowski
Mamm Jadwiga Komorowska

De Bronisław Komorowski, deen aus enger adleger Famill kënnt, ass studéierten Historiker. Hie war ënner dem kommunistesche Regime aktiv als Dissident, an huet sech ë. a. an der Gewerkschaft Solidarność engagéiert.

Hie war tëscht 1990 an 1993 Vizeminister vun der Verdeedegung an de Regierunge vum Tadeusz Mazowiecki, Jan Krzysztof Bielecki an Hanna Suchocka. Zanter 1991 war hien Deputéierten am Sejm, der Ënneschter Chamber a Polen. 2001 huet en, nodeem e Member vun anere Parteie war, mat déi liberal Biergerplattform opgeriicht.

2000-2001 war e Verdeedegungsminister a gouf 2007 President vum Sejm. Nom Fligeraccident vum 10. Abrëll 2010 zu Smolensk, bei deem ë. a. de Staatspresident Lech Kaczyński ëm d'Liewe koum, gouf hien, als Chamberpresdient, Staatspresident faisant fonction.

De 4. Juli 2010 huet hien d'Presidentschaftswalen, bei deenen en am 2. Tour géint dem Kaczyński säi Brudder Jarosław ugetrueden ass, gewonnen.

Bei de Presidentewale fënnef Joer drop, de 25. Mee 2015, huet hie sech géint säin Opponent, den Andrzej Duda vun der PiS, misse geschloe ginn, deen am August 2015 säin Nofolfger gouf.

Um Spaweck änneren

Commons: Bronisław Komorowski – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. https://katalog.bip.ipn.gov.pl/informacje/13660