Wojciech Jaruzelski

polnesche Politiker a Generol
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Wojciech Jaruzelski (ˈvɔjtɕɛx ˈvʲitɔlt jaruˈzɛlskʲi), gebuer de 6. Juli 1923 zu Kurów bei Lublin a Polen a gestuerwen de 25. Mee 2014 zu Warschau, war e polnesche Politiker a Generol.

Wojciech Jaruzelski
Gebuer 6. Juli 1923
Kurów
Gestuerwen 25. Mee 2014
Warschau
Doudesursaach Hiereschlag
Nationalitéit Polen
Aktivitéit Politiker, Militär
Partei Polska Zjednoczona Partia Robotnicza

Säi Liewen a seng politesch Roll änneren

De Jaruzelski staamt aus enger Famill vu kathouleschem Klengadel, an ass an der Noperschaft vu Bialystok am Nordoste vu Polen opgewuess. Nom däitschen Iwwerfall a Polen ass hien 1939 mat der Famill a Litauen geflücht a gouf do, wéi d'Russen ageréckt sinn, als Zwangsaarbechter deportéiert. Méi spéit huet hie sech de polneschen Truppen an der Sowjetunioun ugeschloss. Nom Enn vum Zweete Weltkrich ass hien an der polnescher Infanteriehéichschoul an an der Generalstabsakademie ausgebilt ginn.

Hien ass 1947 der polnescher vereenegter Aarbechterpartei, der fréierer polnescher kommunistescher Partei, bäigetratt. 1956 gouf e Generol, 1964 Member vum Zentralkommitee an 1968 schliisslech Verdeedegungsminister. Am selwechte Joer war e staark, am Kader vu enger antisemittescher Hetzcampagne vum Mieczysław Moczar, bei der Botzaktion vun der polnescher Arméi bedeelegt, an och um Amarsch vun de Staate vum Warschauer Pakt an d'Tschechoslowakei, fir dem sougenannte Prager Fréijoer en Enn ze setzen. Obschonn e wéinst der Roll déi e gespillt huet, ugeklot gouf, gouf et nach kee Prozess. Wéinst senger schlechter Gesondheet gouf dëse Prozess ëmmer erëm ausgesat.

De Jaruzelski gouf 1981 Éischte Sekretär vum PZPR, wéi dem Lech Wałęsa seng Gewerkschaft Solidarność lues a lues ëmmer méi national an international bekannt ginn ass. Den 11. Februar gouf e Ministerpresident vu Polen, an huet dunn den 13. Dezember den Ausnamezoustand deklaréiert an d'Krichsrecht agefouert, fir den ëmmer méi groussen Afloss vun der Solidarność ze briechen. Déi huet awer weider am Ënnergrond agéiert, huet missen unerkannt ginn a konnt de 4. Juni 1989, an den hallef fräie Walen, déi voll Zuel vun de Plazen besetzen, déi si zegutt hat.

An de Jore vun 1985 bis 1989 war de Jaruzelski President vum Staatsrot a Polen, a vun 1989 bis 1990 opgrond vun engem Kompromëss mat der Oppositioun Staatspresident. Säin Nofollger an där Funktioun gouf schliisslech de Lech Wałęsa.

D'Diskussioun iwwer d'Roll, déi de Jaruzelski gespillt huet geet weider. Als Rentier zu Warschau huet de Jaruzelski direkt un där Diskussioun deelgeholl. Besonnesch ëmstridden ass d'Fro, a wéi wäit d'Aféierung vum Krichsrecht 1981 duerch den Drock vun der Sowjetunioun zustane koum. De Jaruzelski huet sech am August 2005 am Laf vun enger ëffentlecher Diskussiounsronn zu Prag fir d'Bedeelegung vun der polnescher Arméi um Ofschloss vum Prager Fréijoer entschëllegt.

Am Februar 2008 gouf bekannt, datt de Jaruzelski schwéier krank ass. Wéinst enger schwéierer Longenentzündung an Häerzproblemer huet hien an enger Warschauer Militärklinik misse behandelt ginn.

Literatur änneren

  • Brauns,Dirk: Mein Leben war voller Blendungen,Sammelwierk:Frankfurter Allgemeine Zeitung,August,2006
  • Plüss, Mathias:Ich entschuldige mich,ich schäme.Sammelwierk:Das Magazin, Band Nr 9,Joer 2008

Um Spaweck änneren

Commons: Wojciech Jaruzelski – Biller, Videoen oder Audiodateien