Haaptmenü opmaachen

Gdańsk

(Virugeleet vu(n) Danzig)
EU Insignia.svg Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Gdańsk
Gdansk flag.svg POL Gdańsk COA.svg
POL Gdańsk map.svg
Land Flag of Poland.svg Polen
Bezierk: Pomorskie
Koordinaten: 54° 22' n. B.,
18° 38′ë. L.
Fläch: 262 km²
Awunner: 461.489 (2014)
Bevëlkerungsdicht: 1.763 / km²
Héicht: 0 – 70 m i. NN
Buergermeeschter: vakant

Gdańsk (op Héichdäitsch: Danzig, op Kaschubesch: Gduńsk), heiansdo lëtz. Danzeg, ass eng polnesch Hafestad un der Ostsee (Danzéger Bucht). Mat 465.000 Awunner ass Gdańsk déi sechsgréisst Stad a Polen an Haaptstad vun der Woiwodschaft Pomorze (Pommern) a vu Kaschubien. Zesumme mat Gdynia a Sopot ass Gdańsk Deel vun der Trójmiasto (Dräierstad), enger Agglomeratioun vun 1,4 Milliounen Awunner.

GeschichtÄnneren

D'dokumentéiert Geschicht vun Gdańsk geet zréck op den hellegen Adalbert vu Prag (Sw. Wojciech), deen am Joer 997 d'Awunner vu „Gyddannyzc“ gedeeft huet. D'Archeologie weist eng éischt slawesch Siidlung am 10. Joerhonnert op. De Piast Mieszko I. huet op dëser Plaz dem éischte polnesche Staat en Zougang zur Ostsee verschaaft.

Am Enn vum 12. Joerhonnert ass zu Oliwa en Zisterzienserklouschter entstanen. 1225 hunn och schonn éischt däitsch Händler vu Lübeck als „hospites“ (Invitéën) e Maart bedriwwen. 1263 ass dann och dat Lübecker Stadrecht ageféiert ginn, soudatt d'Herzoge vu Pommerellen déi Däitsch als hir „fräi an trei Bierger“ ugesinn hunn. Em 1300 hat Gdańsk ëm 2000 Awunner.

No enger kuerzer dänescher Herrschaft am Ufank vum 14. Joerhonnert ass d'Stad ënner d'Herrschaft vu Brandenburg geroden, ir et vun den Deutschritter no engem brutale Massaker iwwerholl ginn ass. 1340 hunn si eng Festung fir hir Komturei gebaut. 1358 ass Gdańsk Member vun der däitsche Hanse ginn, an huet Handel mat Bruges, Nowgorod, Sevilla a Lissabon gedriwwen. D'Stad an d'Géigend ronderëm si besonnesch duerch d'Immigratioun vun däitsche Siidler gewuess. No der Néierlag vun den Deutschritter an der Schluecht vu Grunwald (1410) ass d'Stad ënner d'Lehnshoheit vum Kinnek vu Polen gefall, huet awer weiderhin trotz konfliktuelle Situatiounen am 16. Joerhonnert eng grouss Autonomie genoss. Ëmmerhin hat d'Stad d'Recht, de polnesche Kinnek am Sejm matzewielen.

D'Bevëlkerung war gemëscht: däitsch, polnesch, a kleng Minoritéiten (Judden, Schotten, Hollänner…). Déi Däitsch sinn an der Reformatioun Lutheraner ginn.

Duerch Kricher a Pescht ass Gdańsk am 18. Joerhonnert erofkomm. 1743 ass d'Stad vun de Russen erobert ginn. Bei der zweeter Deelung vu Polen 1793 ass Gdańsk un d'Kinnekräich Preise gefall. Ënner dem Napoleon gouf et eng fräi Stad (Republik), ir et dunn nees 1815 d'Haaptstad vum Regierungsbezirk Danzig an der Provënz Westpreise ginn ass. Domat blouf Gdańsk eng wichteg däitsch Hafestad bis zum Schluss vum 1. Weltkrich. 1918 huet déi 2. Republik Polen gehofft, och Gdańsk erëmzekréien. Mee déi Zäit hu 95 % Däitscher do gewunnt. Dofir huet den US-President Wilson dofir gesuergt, datt „Danzig“ am Versailler Vertrag eng „Fräi Stad“ ënner der Verwaltung vum Vëlkerbond sollt ginn, wärend Polen zu Gdynia en Zougang zur Ostsee an op der Westerplatte eng Militärbasis krut. Danzig hat en eegent Parlament, eng eege Regierung (Senat) an eng eege Wärung.

Vun 1933 un huet Nazi-Däitschland d'Stad zréckgefuerdert, an säi Statut als Virwand fir den Ugrëff op Polen 1939 geholl. Déi éischt Attack war dunn de Bombardement vun der Westerplatte duerch d'Krichsschëff Schleswig-Holstein. Gdańsk ass annektéiert ginn; 1500 Polen aus der Stad goufe verhaft a vill vun hinnen goufen am KZ Stutthof oder am Bësch vu Piaśnica ermuert. Bal d'Halschent vun de Judde vu Gdańsk ware schonn virum Krich ausgewandert. Déi aner si bal all an der Shoah ëmkomm. 1944 sinn déi meescht Däitsch virum Umarsch vun der Rouder Arméi fortgelaf. Am Januar 1945 koumen e puer Honnertdausend däitsch Flüchtlingen aus Ostpreisen op Gdańsk, fir vun do aus mat Schëffer sech an Däitschland a Sécherheet ze bréngen. En Rei Schëffer, dorënner d'Wilhelm Gustloff, si vun de Sowjets versenkt ginn. Zéngdausende sinn ëmkomm. D'Stad selwer ass bombardéiert ginn, a vill Fraen sinn Affer vu Vergewaltegung ginn.

Op de Konferenze vu Jalta a vu Potsdam gouf decidéiert, Gdańsk definitiv u Polen unzeglidderen. Déi iwwerliewend däitsch Bevëlkerung ass verdriwwen, a mat Polen aus den Ostgebidder ersat ginn.

An de fofzeger a sechzeger Joren ass d'Alstad erëm opgebaut ginn, allerdéngs net wéi se war, mee am hollänneschen an italienesche Baustil. An der Volleksrepublik huet Gdańsk sech zu enger grousser Industrie- an Hafestad entwéckelt.

1970 koum et zu Protester géint de Regimm, bei deenen e puer Dosen Demonstranten erschoss gi sinn. Dësen Opstand huet ëmmerhin zur Demissioun vum Parteisekretär Władysław Gomułka geféiert.

1980 ass an de Werfte vu Gdańsk d'Solidarność-Bewegung ënner dem Lech Wałęsa ugaangen. Am September 1981 huet d'Sowjetunioun e grousst amphibescht Militärmanöver zu Gdańsk duerchgezunn.

1989 huet Gdańsk staark derzou bäigedroen, de kommunistesche Regimm ze stierzen. 1990 ass de Lech Wałęsa zum President vun der Drëtter Republik gewielt ginn.

2014 ass den Europäeschen Solidarność-Zentrum zu Gdańsk ageweit ginn.

Haut ass d'Hafestad eng vun de meescht besichtegte Stied a Polen.

BillergallerieÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Gdańsk – Biller, Videoen oder Audiodateien