Geriichtsorganisatioun (Lëtzebuerg)
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun den Droits-Artikelen. Dës Explikatioune bezéie sech am Prinzip just op dat lëtzebuergescht Recht. Ënner Ëmstänn goufen déi lescht Changementer an der Legislatioun an/oder der Jurisprudenz nach net berécksiichtegt. Et handelt sech och net ëm e juristesche Rot, mä ëm eng vereinfacht Duerstellung fir Laien. A konkreete Fäll soll ee sech ëmmer un en Affekot wennen! |
D'Geriichtsorganisatioun zu Lëtzebuerg ass déi intern Organisatioun vun de lëtzebuergeschen nationale Geriichter. Dozou gehéiert souwuel den institutionellen Opbau vun der rechtspriechender Gewalt wéi och hire Fonctionnement.
Geriichtsbarkeeten
ännerenAls Konsequenz vun der Gewaltentrennung mussen d'Sträitfäll géint Privatleit separat vun deene géint de Staat vun zwou autonome Geriichtsbarkeeten (uerdentlech an administrativ Geriichtsbarkeet) traitéiert ginn. Zu Lëtzebuerg gëtt eng weider Ënnerdeelung gemaach an et gëtt nach déi sozial an déi militäresch Geriichtsbarkeeten.
De Verfassungshaff ass zoustänneg fir all Froe wat d'Konformitéit vun engem Gesetz mat der Verfassung ugeet, egal wat fir eng Geriichtsbarkeet betraff ass.
Uerdentlech Geriichtsbarkeet
änneren- Friddensgeriicht[1]
- Friddenstribunal an zivillen an a kommerziellen Affären
- Aarbechtsgeriicht
- Policegeriicht
- Bezierksgeriicht[2]
- Kummere fir zivil, kommerziell a strofrechtlech Affären
- Jugend- a Momperschaftsgeriicht
- Ieweschte Geriichtshaff mat Sëtz an der Stad[3]
Vereinfacht gesot (ouni Spezialkompetenzen ze berécksiichtegen), ass d'Friddensgeriicht déi éischt Instanz fir déi kleng Affäre mat engem Sträitwäert bis 15.000 Euro[4] an d'Bezierksgeriicht déi éischt Instanz fir Affäre mat engem Sträitwäert deen do driwwer läit. D'Policegeriicht traitéiert gemenkerhand Contraventiounen an d'Bezierksgeriicht – a senge jeeweilege correctionellen a kriminelle Kummeren – Delikter a Verbriechen.
Appeller géint Urteeler vum Friddensgeriicht a vum Policegeriicht komme virun d'Bezierksgeriicht, Appeller géint Urteeler vum Aarbechtsgeriicht a Bezierksgeriicht komme virun den Appellatiounshaff.
Et gëtt 3 Friddensgeriichter, eent an der Stad Lëtzebuerg, eent zu Esch-Uelzecht an eent zu Dikrech. Et gëtt 2 Bezierksgeriichter, all Kéier eent am Geriichtsbezierk Stad Lëtzebuerg an eent am Geriichtsbezierk Dikrech. Den Ieweschte Geriichtshaff (mam Appells- an dem Cassatiounsgeriicht, souwéi dem Parquet général) gëtt et just eemol an der Stad Lëtzebuerg, en ass kompetent fir d'ganzt Land.
Dee leschtméigleche Recours bei der sozialer Geriichtsbarkeet läit beim eigentlech uerdentleche Cassatiounsgeriicht.
Militäresch Geriichtsbarkeet
ännerenFonctionnement
ännerenPrinzippien
ännerenJiddereen huet d'Recht, säi Sträitfall virun e Geriicht ze bréngen an eng Decisioun doriwwer ze kréien. Leit déi d'Moyenen net hu fir sech en Affekot ze leeschten, deen een dacks obligatoresch brauch fir sech viru Geriicht vertrieden ze loossen, kënnen dowéinst d'Assistance judiciaire ufroen, fir datt de Staat hinnen en Affekot gratis stellt.
Wat op Franséisch "principe du double degré de juridiction" genannt gëtt, heescht näischt anescht wéi datt am Prinzip all Affär zweemol jugéiert ka ginn, souwuel an de Faite wéi och am Droit. Dowéinst gëtt et an de lëtzebuergesche Geriichtsbarkeeten ëmmer zwou Instanzen. Bei Affäre mat engem klenge Sträitwäert ass déi éischt awer och gläichzäiteg déi lescht Instanz, en Appell ass net méi méiglech, just nach e Recours virum Cassatiounsgeriicht: bis zu 2.000 € virum Friddenstribunal (ausser Alimenter, Bornagen, Actions possessoires, Servituden, Iwwerschëldung, asw.), bis zu 1.250 € virum Aarbechtsgeriicht, virum Bezierksgeriicht a Fäll wou dat exklusiv Kompetenz huet, a virum Schidsgeriicht vun de Sozialversécherungen. Et sief nach bemierkt, datt d'Cassatiounsgeriicht keng drëtt Instanz ass, well deen d'Faiten net méi jugéiert, mä just nach déi richteg Applikatioun vum Droit kontrolléiert.
D'Riichtere mussen onparteiesch an onofhängeg sinn, d. h. si däerfen net Partei ergräifen oder sech vu Virurteeler leede loossen, an d'Organisatioun vun all Geriichtsbarkeet muss déi néideg Garantië bidden, datt et keen Zweiwel un der Onparteilechkeet an der Onofhängegkeet ka ginn (z. B. däerf e Riichter aus éischter Instanz net an zweeter Instanz sëtzen, en däerf net sëtze wann en eng Sträitpartei gutt kennt, en däerf verschidden zousätzlech Beruffer oder aner inkompatibel Funktiounen net ausüben, en däerf bei der Interpretatioun vun engem Gesetzestext net bei der Exekutiver nofroe wéi déi et gär hätt, asw.).
D'Geriichtsverhandlungen an d'Urteelsverkënnegunge mussen ëffentlech sinn. Dëse Prinzip schaaft eng transparent Justiz, wat eng weider Garantie fir hir Impartialitéit duerstellt. An Ausnamefäll kann eng Geriichtsverhandlung awer och hanner zouenen Diere stattfannen, sou e huis clos ass z. B. bei Zeienaussoe vu Mannerjäregen ubruecht.
An all Affär muss en Urteel an engem räsonabelen Delai gesprach ginn. Ënner anerem Lëtzebuerg ass wéinst Verstouss géint dëse Punkt vum Artikel 6 vun der Europäescher Mënscherechtskonventioun vun de Stroossbuerger Riichter schonn e puermol verurteelt ginn, déi vum Land verlaangen, eng Geriichtsorganisatioun op d'Been ze stellen, déi et net nëmmen de Riichteren, mä souguer de Sträitparteie selwer onméiglech mécht, eng Affär jorelaang ze verschleefen.
Generelle Fonctionnement
ännerenD'Geriichtsverhandlunge gi vun engem Riichter geleet, deen eleng oder an enger kollegialer Formatioun sëtzt. Um Friddensgeriicht sëtzt just ee Riichter, um Bezierksgeriicht bis op Ausnamefäll ëmmer dräi, um Appellatiounshaff, an de sozialen an an den administrative Geriichtsbarkeeten och ëmmer dräi, um Cassatiounsgeriicht an um Verfassungshaff der fënnef. Am Fall wou e Riichterkollegium sëtzt, ginn d'Urteeler mat enger absolutter Majoritéit vun de Stëmme geholl.
D'Staatsanwaltschaft (ministère public) läit bei de Friddens- a Bezierksgeriichter an den Hänn vum Parquet vum jeeweilege Bezierk, a beim Ieweschte Geriichtshaff an deene vum Parquet général. Et gëtt zwéi Geriichtsbezierker, dee vun der Stad Lëtzebuerg an dee vun Dikrech.
D'Geriichtsschreiweren (Greffieren) hëllefen de Riichter bei allen Akten a Protokollen.
Wärend de Justizvakanze vum 16. Juli. bis de 15. September[7] leeft de Service permanent weider, mä an enger reduzéierter Form mat just vereenzelte Vacatiounssëtzungen.
Literatur
änneren- Erpelding, Michel et al. Histoire de la Justice au Luxembourg (1795 à nos jours): Institutions - Organisation - Acteurs /. Éd. par Vera Fritz, Denis Scuto, et Elisabeth Wingerter. München ; De Gruyter Oldenbourg, 2022. Web.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ (fr)Juridictions judiciaires. justice.public.lu (04.07.2019). Gekuckt de(n) 12.12.2024.
- ↑ (fr)Tribunaux d'arrondissement. justice.public.lu (01.08.2023). Gekuckt de(n) 12.12.2024.
- ↑ (fr)Cour supérieure de justice. justice.public.lu (07.04.2020). Gekuckt de(n) 12.12.2024.
- ↑ (fr)Tribunal de paix. justice.public.lu (12.10.2021). Gekuckt de(n) 29.11.2024.
- ↑ (fr)Juridictions administratives. justice.public.lu (06.06.2024). Gekuckt de(n) 12.12.2024.
- ↑ (fr)Juridictions sociales. justice.public.lu (13.04.2022). Gekuckt de(n) 12.12.2024.
- ↑ (fr)Version consolidée applicable au 16/09/2026 : Loi du 7 mars 1980 sur l'organisation judiciaire Art. 150 (07.03.1980). Gekuckt de(n) 12.12.2024.