Cour de justice Benelux
De Benelux-Geriichtshaff ((fr) Cour de justice Benelux) ass en internationaalt Geriicht, dat mam Traité vum 31. Mäerz 1965 gegrënnt gouf an zënter dem 1. Januar 1974 a funktionéiert; säi Sëtz ass um Kierchbierg an der Stad Lëtzebuerg.
Cour de justice Benelux | |
---|---|
Land | Benelux |
Verwaltungssëtz | Lëtzebuerg |
Gegrënnt | 1. Januar 1974 |
Um Spaweck | http://www.courbeneluxhof.be/ |
Dem Geriicht seng weesentlech Roll et ass fir eng eenheetlech Interpretatioun vu gemeinsame Rechtsreegelen am Kader vun der Benelux-Staaten ze fërderen. Dës rechtlech Reegele begräifen ënnerschiddlech Beräicher wéi d'Eegentumsrecht (Marke vu Produkter an Déngschtleeschtungen, den Design an d' Modeller), d'Haftflichtversécherung fir Gefierer, d'Visabestëmmungen, d'Andreiwe vu Steierscholden, de Vulleschutz an d'Steiergerechtegkeet.
Duerch e Protokoll vum 15. Oktober 2012 krut d'Geriicht zousätzlech Kompetenzen an de Sëtz gouf vu Bréissel op Lëtzebuerg verluecht.
De Benelux Geriichtshaff ass eng zweesproocheg Institutioun; déi prozedural Sprooche si Franséisch an Hollännesch.
D'Geriicht gëtt vun engem Presidium aus dräi Conseilleren geleet. De President an d'Vizepresidente sinn all vun enger anerer Nationalitéit. Dës Positioune ginn nom Rotatiounsprinzip op Basis vun der Nationalitéit all dräi Joer nei besat.
De Parquet steet ënnert der Leedung vum Premier avocat général deen nom selwechte Prinzip besat gëtt.
Kummeren op der Cour de justice Benelux
ännerenD'Geriicht besteet aus dräi Kummeren:
Kummer | Zoustännegkeet[1] | President·in[2] |
---|---|---|
Éischt | Froen iwwer d'Interpretatioun vu gemeinsame Rechtsreegele vun den nationale Riichteren. S'ass och zoustänneg fir Appeller géint Urteeler vun der zweeter Kummer | Geert Jocqué |
Zweet | Appeller géint déi final Decisioune vum Office Benelux de la Propriété intellectuelle (OBPI) zu Den Haag | Thierry Schiltz |
Drëtt | Juridictioun iwwer Sträitfäll vum Personal vum Benelux-Generalsekretariat a vum OBPI | V. van den Brink |
Fir Lëtzebuerg siegéiere verschidde Riichtere vun der Cour de cassation an der Cour d’appel am Benelux-Geriichtshaff.[3]
Um Spaweck
änneren- Websäit vum Benelux-Geriichtshaff
- Konsolidéiert Versioun vum Traité relatif à l’institution et au statut d’une Cour de Justice Benelux vum 31. Mäerz 1965, www.courbeneluxhof.int, gekuckt de 15.12.2024
- Lëtzebuergescht Approbatiounsgesetz vum 10. Juli 1973, data.legilux.public.lu, gekuckt de 15.12.2024
- Lëscht vun de gemeinsame legal Reegelen déi an d'Kompetenz vum Benelux-Geriichtshaff falen (fr)
Referenzen
änneren- ↑ (fr)Présentation. Cour de Justice Benelux. www.courbeneluxhof.int. Gekuckt de(n) 15.12.2024.
- ↑ (fr)Membres. Cour de Justice Benelux. www.courbeneluxhof.int. Gekuckt de(n) 15.12.2024.
- ↑ (fr)La justice en chiffres 2023. justice.public.lu B. Cour d’appel, S. 35. Service communication et presse de la justice (SCPJ) (08.08.2024). Gekuckt de(n) 15.12.2024.