Groussjäregkeet

(Virugeleet vu(n) Mannerjäregkeet)
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun den Droits-Artikelen. Dës Explikatioune bezéie sech am Prinzip just op dat lëtzebuergescht Recht. Ënner Ëmstänn goufen déi lescht Changementer an der Legislatioun an/oder der Jurisprudenz nach net berécksiichtegt. Et handelt sech och net ëm e juristesche Rot, mä ëm eng vereinfacht Duerstellung fir Laien. A konkreete Fäll soll ee sech ëmmer un en Affekot wennen!

D'Groussjäregkeet oder Volljäregkeet ass den Alter, vun deem un eng Persoun, juristesch gesinn, a senger Capacitéit als Bierger kapabel a responsabel ass, dat heescht, vu wéini u se (vun Ausnamen ofgesinn) kontraktuell (oder soss juristesch) Engagementer agoe kann.

Virun deem Alter gëllt een als "mannerjäreg". E Mannerjärege ka Saache besëtzen oder Verträg ënnerschreiwen, mä e kann net eleng iwwer dee Besëtz bestëmmen, resp. sech eleng vertraglech engagéieren.

Jee nodeem sinn et de Familljepapp oder déi béid Elteren, déi Autoritéit iwwer dee Mannerjäregen hunn. Wa keng Elteren do sinn, kritt e Mannerjäregen e Momper zur Säit gestallt.

E Mannerjäregen ass zivilrechtlech "irresponsabel". Dëst Konzept ënnerscheet sech vun der "strofrechtlecher Irresponsablitéit".

Groussjäregkeet zu Lëtzebuerg

änneren

Zu Lëtzebuerg läit d'Groussjäregkeet bei 18 Joer. Bis 1975 louch deen Alter bei 21 Joer. Den 18. Mee 1975 gouf en op 18 erofgesat[1], sou datt ronn 12.000 jonk Leit op ee Coup groussjäreg goufen.

Groussjäregkeet huet näischt direkt mam Walrecht ze dinn, dat zu de politesche Rechter zielt. Se ass och z'ënnerscheede vun der matrimonialer Groussjäregkeet (d. h. dem Alter, vun deem un ee sech bestuede kann) an der sexueller Groussjäregkeet, deen Alter, vun deem un et engem erlaabt ass, sexuell Bezéiungen ze hunn.

"Erwuessen" ass e biologesche Begrëff, deen ausdréckt, datt e Liewewiese sech sou wäit entwéckelt huet, datt et sech fortplanze kann, an och net méi méi grouss gëtt.

Um Spaweck

änneren
Commons: Groussjäregkeet – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Mémorial A 6 vum 18. Februar 1975: http://data.legilux.public.lu/eli/etat/leg/loi/1975/02/06/n2/jo