Conseil arbitral de la sécurité sociale (Lëtzebuerg)

ënneschten Niveau vun der Sozialer Geriichtsbarkeet zu Lëtzebuerg

D'Schidsgeriicht vun de Sozialversécherungen ((fr) Conseil arbitral de la sécurité sociale, gekierzt CASS) ass den ënneschten Niveau vun der Sozialer Geriichtsbarkeet zu Lëtzebuerg.

Conseil arbitral de la sécurité sociale
Land Lëtzebuerg
Um Spaweck https://justice.public.lu/fr/organisation-justice/juridictions-sociales.html

De Sëtz vum CASS ass an der Stad Lëtzebuerg.

Kompetenz

änneren

D'Schidsgeriicht ass, an éischter Instanz, fir all Sträitfäll zoustänneg, déi tëscht de Versécherten an den Institutioune vun de Sozialversécherungen entstoe kënnen. Dozou gehéieren Affären zur Affiliatioun, de Cotisatiounen, den administrative Geldstrofen an de Prestatiounen.

Bei Affäre mat engem klenge Sträitwäert (bis zu engem Wäert vun 1.250 Euro) ass de CASS déi éischt awer och gläichzäiteg déi lescht Instanz; en Appell ass net méi méiglech, just nach e Recours virum Cassatiounsgeriicht (dat am Fong zur Uerdentlecher Geriichtsbarkeet gehéiert).

Bei Affäre mat engem méi héije Sträitwäert ass en Appell géint d'Urteeler vum CASS virum Ieweschte Rot vun de Sozialversécherunge méiglech.

Zesummesetzung

änneren

D'Schidsgeriicht vun de Sozialversécherunge besteet aus engem President an zwéin Assesseuren. D'Assesseure gi vum President ënnert deenen ausgewielt, déi vum Minister fir Sozialversécherung fir eng Period vu fënnef Joer ernannt goufen. Se musse fir déi selwecht Krankekeess wéi déi vun där de Plaignant ofhänkt, zoustänneg sinn.

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren