Gallo-réimescht Grafmonument um Potaschbierg

D'Rekonstruktioun vum gallo-réimesche Grafmonument um Potaschbierg steet um fréiere Kiem MetzTréier, am Flouer an der Heck, südwestlech vum Lieu-dit Potaschbierg a ronn 3,5 km Loftlinn vum Zentrum vu Gréiwemaacher ewech.

Gallo-réimescht Grafmonument um Potaschbierg
Rekonstruktioun vum Grafmonument
Typ Grafmonument
Land Lëtzebuerg
Gemeng Gréiwemaacher
Plaz Potaschbierg
Koordinaten 49°40'27,05"N, 6°23'31,31"O
Schëld dat vun der Haaptstrooss aus de Wee fir bei d'Monument weist

Bei d'Monument kënnt ee, wann een um Potaschbierg vun der N1 tëscht dem Hotel an dem Autobunnsservice vu Ponts et chaussées an de „Réimerwee“ erageet, an deem Wee ronn 600 m nogeet.

Geschicht

änneren

Am Laf vum 1. Joerhonnert ass – duerch d'réimesch Eruewerung – an der Muselgéigend de Brauch opkomm fir stenge Griewer fir déi Verstuerwen ze bauen, an am 2. an 3. Joerhonnert kruten déi heiansdo eng monumental Gréisst. En aussergewéinlecht Beispill dovun Aart am Trevirergebitt ass d'Grafmonument uewenzeg vum haitege Gréiwemaacher. Bei Ausgruewungen an de Joren 1972/73 goufen d'Fëllementer vun der Mauer a vum Monument entdeckt, vum Opbau awer just e puer Bléck an eng Rëtsch Relieffragmenter. Dernieft goufen 19 Griewer an en Deel vum Kiem entdeckt, deen an der direkter Ëmgéigend laanscht gelaf ass. D'Graf dat ursprénglech mat Reliefdekoratiounen a Figuregruppen dekoréiert war a warscheinlech wéi gewinnt a staarke Faarwe bemoolt war, ass rekonstruéiert ginn, awer net op déi ursprénglech Héicht vu warscheinlech 12 m.

De monumentale Charakter vum ländleche Graf weist drop hin, datt de Bauhär e räiche Grondbesëtzer war, warscheinlech den Här vun der Villa déi 600 m. méi nërdlech entdeckt gouf. Eng hallef Dagesrees vun der Provënzhaaptstad Tréier (Augusta Treverorum) ewech, um Kiem, huet d'Monument dat vu wäitem ze gesi war, d'Opmierksamkeet vun de Passanten ugezunn. Et gouf am zweete Véierel vum 2. Joerhonnert, warscheinlech nach zu Liefzäite vum sengem Besëtzer opgeriicht. Dat representatiivt Graf huet op de Räichtum an de Status vum Proprietär grad ewéi op säi Betrib higewisen, wou Véi gezillt, Aker- a Wäibau bedriwwe gouf, an dat nach nom Doud vum Guttsbesëtzer.

Am Beräich ëm d'Monument gouf et Griewer aus zwou verschiddenen Epoche. Dräi Krematiounsgriewer stamen aus der éischter Epoch nodeems d'Grafmonument gebaut gi war. Eent vun deene war nach komplett intakt an dra war en d'Äsche vun engem Erwuessenen an engem aacht bis néng Joer ale Kand. Grad ewéi dat representatiivt Monument hunn déi Griewer – wat d'Form an d'Ausstafféierung ugeet – enger réimesch-mediterraner Begriefnesplaz entsprach. No der Krematioun sinn d'Äschen an eng grouss, gliesen Urn gefëllt ginn, déi zesumme mat fënnef klenge Kréi an enger Uelegluucht an eng Zort stenge Këscht geluecht goufen. Déi Këscht gouf mat fënnef eisene Klamen an engem décke Stee geséchert, wat en zimmlech ongewéinleche Verschloss duergestallt huet. Vun deenen aneren zwee Krematiounsgriewer war eent entweeder ni besat oder et war schéi propper ausgeraibert ginn.

D'Ofgrenzung a warscheinlech och d'Grafmonument selwer goufe mat de Gebaier an der Ëmgéigend an der zweeter Hallschent vum 3. Joerhonnert zerstéiert. Allerdéngs gouf d'Areal nach weiderhin als Begriefnesplaz gebraucht.

Et goufen och nach zwee aner Krematiounsgriewer a véierzéng „normal“ Griewer aus dem 4. Joerhonnert entdeckt.

Um Spaweck

änneren
Commons: Gallo-réimescht Grafmonument um Potaschbierg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren
  • Quell vum Artikel wou net anescht uginn: Informatiounspanneau op der Plaz