Géisdref
lëtzebuergesch Uertschaft, Chef-lieu vun der Gemeng Géisdref
Géisdref ass eng lëtzebuergesch Uertschaft am Éislek an Haaptuert vun der Gemeng mat dem selwechten Numm
Géisdref | |
---|---|
![]() Op der Tomm (CR361) zu Géisdref | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Goesdorf de: Goesdorf |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Wolz |
Gemeng |
![]() |
Buergermeeschter | Jean-Paul Mathay |
Awunner | 298 |
1 Januar 2021; 1 Januar 2022 | |
Koordinaten |
49° 55’ 15’’ N 05° 58’ 00’’ O |
D'Gemeng Géisdref (orange) am Kanton Wolz (rout) | |
GeographieÄnneren
Géisdref läit am Kanton Wolz um südlechen Deel vun enger éisleker Kopp, mat den Nopeschuertschafte Boukels an Dol. Am Westen ass den Dall vun der Schlirbech, an am Süden dee vun der Sauer.
De Waassertuerm zu Dol versuergt Géisdref mat Drénkwaasser.
GeschichtÄnneren
Den Numm Goesdorf leet sech vu Gießdorf of. Géisdref war fréier en Industriestanduert, dee vum Antimonvirkomme gelieft huet. Éischt Gruewunge solle schonn an der Réimerzäit gemaach gi sinn. Eng éischt Konzessioun ass 1354 ausgestallt ginn.
KuckeswäertesÄnneren
ManifestatiounenÄnneren
- Dat traditionellt Minnefest ass eng vun de wichtegste Manifestatioune vum Duerf.[1]
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Géisdref – Biller, Videoen oder Audiodateien |