De Waassertuerm zu Dol an der Gemeng Géisdref versuergt d'Dierfer Dol, Géisdref, Nacher, Boukels a Masseler mat Drénkwaasser.

De Waassertuerm zu Dol am Juli 2012.
D'Basis vum Tuerm.
D'Plack um Fouss vum Tuerm.

Den Tuerm steet am Weste vun der Uertschaft, do wou d'Duerfstrooss (CR321A) op d'Wëltzerstrooss (CR321) stéisst[1]. E steet op enger Héicht vu 494 Meter (NG-L). En ass 29 Meter héich a säi Baseng späichert 250 Meter-Kibb Waasser[2]. De Waasserbehälter selwer steet op 4 Stäipen déi mat Schifersteng gebaut sinn. De pyramidefërmegen Daach ass mat Koffer gedeckt.

Um Fouss vum Tuerm ass e Schiferblock mat enger Informatiounsplack iwwer den Tuerm ze gesinn.

Den Tuerm gouf 1985 vun der Entreprise Fränz-a-Jang-Agnes[3] vun Ettelbréck gebaut.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Cf. d'Strooseschëlter op der Plaz (Juli 2012)
  2. Cf. d'Infoplack beim Tuerm. D'Websäit vun der Gemeng Géisdref gëtt aner Zuelen un: 27 m fir d'Héicht an 220 m3 fir de Waasserbaséng (gelies de 26. Juli 2012).
  3. Zanter 2007: Agnes Constructions succ. S.A.