Den Hennesbau ass e Kulturzentrum zu Nidderfeelen, an der Gemeng Feelen.

Den Hennesbau.

D'Gebai ass eng fréier Loumillen, déi ëmgebaut an amenagéiert gouf.

Et gouf de 7. November 2012 op d'Lëscht vum Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroen.[1]

Geschicht änneren

De Gierwer Jean-Henri Elsen vun Nidderfeelen krut 1827 d'Autorisatioun, e Gebai bei der Feelbaach opzeriichten, fir dodran eng Loumillen, eng Uelegmillen an eng Seeërei ze bedreiwen, déi vun der Baach ugedriwwe ginn. D'Gebai gouf gebaut, mä hat net deen erwënschte Succès. Den Elsen ass och fréi, 1836, gestuerwen.[2]

1851 huet de Jean-Pierre Berns, aus dem Haus An Hennes zu Niddefeelen, d'Gebai kaaft. Zënterhir huet et den Numm "Hennesbau". Et gouf haaptsächlech gebraucht, fir d'Lou dran ze späicheren, niewelaanscht war et och e Schapp fir Ween a landwirtschaftlech Apparater. D'Kellere goufen als Seeërei benotzt, dono ëmmer méi als Ställ.

No 1945 war et just nach als Scheier a Betrib.

1979 huet d'Gemeng d'Gebai opkaaft an an e Kulturzentrum ëmgebaut.

Nieft engem grousse Sall ass och e Café-Restaurant (mat Kichen) dran. 2008/2009 gouf d'Infrastruktur moderniséiert an e gliesene Panoramalift laanscht d'Gebai gebaut, fir op den ieweschte Stack ze kommen.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Hennesbau – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  2. Geschicht op der Säit vum Hennesbau op feulen.lu.