Gaston Reinesch
De Gaston Reinesch, gebuer de 17. Mee 1958 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergeschen Ekonomist, Gouverneur vun der Lëtzebuerger Zentralbank a Professeur invité op der Universitéit Lëtzebuerg.[1],[2],[3]
Gaston Reinesch | |
---|---|
Gebuer |
17. Mee 1958 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Ekonomist |
Member vun | Section des sciences morales et politiques (Institut grand-ducal) |
Zanter dem 1. Januar 2013 ass hien den Nofollger vum Yves Mersch als Gouverneur vun der Lëtzebuerger Zentralbank. Hien ass Member vum Rot vun der Europäescher Zentralbank a vun der Bank for International Settlements a vertrëtt Lëtzebuerg an enger Rei vun internationalen Organisatiounen, ë. a. als Vizegouverneur fir Lëtzebuerg beim Internationale Wärungsfong an als Member beim European Systemic Risk Board. Hien ass Member vum Comité du risque systémique, vum Conseil de résolution a vum Conseil de protection des déposants et des investisseurs.[4],[5] Hien ass President vun The Bridge Forum Dialogue a Member vum Haut Comité de la Place Financière.[6],[7] Hien ass Member vum Institut grand-ducal, Section des sciences morales et politiques, President vun der Fondation Coeur – Daniel Wagner, Conseiller honoraire vun der Fondation Kräizbierg a Member vum Lions Club Esch-sur-Alzette.[8],[9],[10]
De Gaston Reinesch huet e Master en sciences économiques mat der Mentioun summa cum laude vun der Universitéit Namur an e Master of science in Economics vun der London School of Economics.
Hien huet 1984 seng berufflech Carrière als Wirtschaftsconseiller bei der Chambre de commerce ugefaangen. 1989 ass hien an den ëffentlechen Déngscht gewiesselt wouropshin hie Regierungskommissär bei der BIL gouf. Nom Depart vum Romain Bausch gouf hien 1995 Administrateur général am Finanzministère, wourop en ë. a. President vum Verwaltungsrot vun der Post, Vizepresident vun der Commission de surveillance du secteur financier, vun der Spuerkeess, Verwaltungsrotmember vun der ARBED a vum Institut monétaire luxembourgeois ënner dem deemolege President Raymond Kirsch gouf. Hie war och President vum Commissariat aux assurances, vun der BGL BNP Paribas, vun der Société nationale de crédit et d'investissement, vum Conseil économique et social, vu LUXGSM, vu Post Capital a vun der Société luxembourgeoise de capital-développement pour les petites et les moyennes entreprises.[11],[12]
Ausserdeem war hien am Verwaltungsrot vun enger Rei vun Entreprisen: Cargolux, Enovos, Eurobéton, Luxcontrol, Paul Wurth, Société électrique de l'Our, Société européenne des satellites, Société nationale des habitations à bon marché, Société du Port de Mertert an Institutiounen: CEPS/INSTEAD, Centre de recherche public Gabriel-Lippmann, Conseil supérieur pour un développement durable, Europäesch Investitiounsbank, Europäeschen Investitiounsfong, Fondation Alphonse Weicker, Fonds de compensation, Fonds national de soutien à la production audiovisuelle, International Islamic Liquidity Management Corporation, Lux Central Securities Depository, Luxembourg for Business, Luxembourg for Finance, Luxembourg School of Finance Foundation.[13],[14],[15],[16],[17]
Publikatiounen a Konferenzen
- "Existe-t-il un déterminisme de la très petite dimension?" forum, Faculté des sciences économiques et sociales, Namur 1983
- Zesumme mam Henri Ahlborn "La primauté du commerce extérieur dans l'économie luxembourgeoise" d'Letzeburger Land, 1986
- Zesumme mam Jim Cloos, Daniel Vignes a Joseph Weyland "Le traité de Maastricht. Genèse, analyse, commentaires, Bruylant 1993"
- Konferenz BCL - TSE "The Future of the international monetary system" Lëtzebuerg, 17. September 2019
- Gréng Luucht fir de Projet vum digitalen Euro RTL Lëtzebuerg, 14. Juli 2021
- Digitalen Euro kéint 2026 prett sinn Radio 100,7, 23. Juli 2021
- "«Si nous n'avions pas eu l'euro…»" Paperjam, 11. Januar 2022
- Niddreg Zënsen net Haaptursaach fir Hausse vun Immobiliëpräisser RTL Lëtzebuerg, 1. Februar 2022
- "L'immobilier résidentiel, «un problème très complexe»" Paperjam, 1. Februar 2022
- Europäesch Leetzënse kéinte virum Summer klammen Radio 100,7, 27. Abrëll 2022
- No den Zënshaussë vu Juli a September kéinten nach weiderer kommen RTL Lëtzebuerg, 29. Juni 2022
- D'global Inflatioun ass liicht erofgaangen, mä nach vill ze vill héich RTL Lëtzebuerg, 3. Februar 2023
- "Le Blog du Gouverneur vise à partager de manière avant tout instructive des connaissances utiles en relation notamment avec la politique monétaire de l'Eurosystème, dont fait partie intégrante la BCL" bcl.lu
- "Essai d'Économie Politique" Division du travail, Spécialisation, Échanges, Marchés, État, Droit et Monnaie
Gielercher
- Grand Officier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 2009)
Um Spaweck
Referenzen
- ↑ Gaston Reinesch, un symbole fort
- ↑ Gaston Reinesch publie une oeuvre inachevée
- ↑ Université du Luxembourg
- ↑ CdRS
- ↑ CSSF Gouvernance
- ↑ The Bridge - Forum Dialogue
- ↑ HCPF
- ↑ Fondation Coeur - Daniel Wagner
- ↑ Lions Clubs Luxembourg
- ↑ Fondation Kräizbierg
- ↑ Post Capital
- ↑ CD-PME
- ↑ Fondation Alphonse Weicker
- ↑ IILM
- ↑ LuxCSD
- ↑ Luxembourg for Finance
- ↑ LSF