Henri Ahlborn

lëtzebuergesche Ekonomist

Den Henri Ahlborn, gebuer de 16. Januar 1934 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Ekonomist.

Henri Ahlborn
Gebuer 16. Januar 1934
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ekonomist, Direkter, Haffmarschall

Vun 1978 bis 1992 war hien Direkter vun der Chambre de commerce zu Lëtzebuerg.

Den Henri Ahlborn war vun 1993 bis 2002 an nach eng Kéier 2007 Haffmarschall um Groussherzoglechen Haff vu Lëtzebuerg.

1979 gouf hie Vizepresident vum Lëtzebuerger Roude Kräiz an 2002 den éischte President vun der Agence du bénévolat.

Gielercher änneren

Referenzen änneren

  1. Memorial B n° 52 vun 1998 mat der Lëscht vun de Leit déi 1998 eng national Auszeechnung kritt hunn
  2. Lëscht vun de Persounen déi tëscht 1952 an 2012 d'Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich kruten