Ministère des Finances
De Finanzministère (fr: Ministère des Finances, gekierzt MFIN) ass e Ministère zu Lëtzebuerg deen d'Budgets-, Finanz- a Steierpolitik vum Lëtzebuerger Staat realiséiert.
Ministère des Finances | |
---|---|
Finanzministère | |
Land | Lëtzebuerg |
Minister | Gilles Roth |
Verwaltungssëtz | Lëtzebuerg |
Adress | 3, rue de la Congrégation L-1352 Lëtzebuerg |
Ënnersteet der/dem | Lëtzebuerger Regierung |
Um Spaweck | https://mfin.gouvernement.lu/ |
Allgemenges
ännerenDe Ministère ass fir d'ëffentlech Finanzen an d'Virbereedung vum Staatsbudget verantwortlech. En definéiert ausserdeem d'Politik vum Finanzsecteur, ass responsabel fir d'Relatioune mat den internationale Finanzinstitutioune grad wéi fir d'Verwaltung vun de Staatsgidder.
Organisatioun
ännerenD'Generalsekretariat vum Ministère ass responsabel fir d'Koordinatioun tëscht den eenzele Servicer vum Finanzministère grad wéi fir d'Bezéiunge mat den anere Ministèren, dem Regierungsrot, de Verwaltungen, an der Chamber.
De Ministère ass a fënnef Direktiounen opgedeelt:
- Finanzdéngschtleeschtungen, Finanzstabilitéit, gereegelte Kader vum Finanzsecteur
- Wirtschaft- a Budgetspolitik
- Multilateral Affären, Entwécklung a Compliance
- Administration des domaines
- Steieren
Kompetenz vum Ministère
ännerenD'Servicer a Verwaltungen déi ënnert d'Kompetenz vum Finanzministère falen, sinn am interne Reglement vun der Regierung festgehalen[1]. Dozou gehéieren ë. a.:
- Staatsbudget
- Finanzpolitik a -gesetzgebung
- National, europäesch an international Besteierung
- Staatsgidder
- Europäesch an international Budgets-, Finanz- a Wirtschaftspolitik
- Budget vun der EU
- Europäesche Stabilitéitsmechanismus
- Koordinatiounsservice fir d'Bekämpfung vu Bedruch
- Europäesch Investitiounsbank; europäesch Investitiounsfongen; europäesch Fonge fir strategesch Investitioun
- Internationale Wärungsfong
- Organisatioun fir Ekonomesch Zesummenaarbecht an Europa
- International Accorde géint duebel Besteierung
- Reglementatioun an Iwwerwaachung vun der Finanzplaz
- Entwécklung a Promotioun vun der Finanzplaz
- Nohalteg Finanzen, inklusiv der Klimafinanzéierung an de Mikrofinanzen
- Bezéiunge mat der Zentralbank, an Zesummenaarbecht mam Staatsministère
Verwaltungen
ännerenËffentlecht Etablissementer
änneren- Spuerkeess
- Office du ducroire
- Société nationale de crédit et d'investissement
- Fonds souverain intergénérationnel du Luxembourg
- Fonds de lutte contre certaines formes de criminalité
Iwwerwaachungsautoritéiten
ännerenGouvernance
ännerenAdministrateur général
- Romain Bausch 1989-1995
- Gaston Reinesch 1995-2012
Directeur du trésor
- Raymond Kirsch 1985-1989
- Yves Mersch 1989-1998
- Jean Guill 1998-2009
- Georges Heinrich 2009-2014
- Isabelle Goubin 2014-2019
- Bob Kieffer zënter 2019
Secrétaire général
- Etienne Reuter 2014-2016
- Bob Kieffer zënter 2016
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Ministère des Finances – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- De Ministère op gouvernement.lu, der Websäit vun der Regierung
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Constitution des Ministères am Arrêté grand-ducal du 27 novembre 2023 portant approbation et publication du règlement interne du Gouvernement.