Gare Mäerkels
| |||||
---|---|---|---|---|---|
![]() | |||||
Streck | 1b | ||||
PK | 4,482 | ||||
Quaien | 1 | ||||
Gleiser | 1 | ||||
Uertschaft | Mäerkels | ||||
Gemeng | Kiischpelt | ||||
Kanton | Wolz | ||||
Koordinaten | 49° 57’ 25’’ N 5° 58’ 55’’ O | ||||
Websäit | CFL.lu |
D'Gare vu Mäerkels ass eng Gare op der Antenn Kautebaach-Wolz vun der CFL-Linn 1, der sougenannter Nordstreck vun der Lëtzebuerger Eisebunn, tëscht der Gare Kautebaach an der Gare Paradiso. Direkt nieft der Gare a Richtung Kautebaach ass d'Barrière P.N. 6. iwwer deen den CR331A féiert.
D'Nordstreck féiert vu Lëtzebuerg bis op Ëlwen an da weider an d'Belsch, wou se vu Gouvy un, Kontakt mat der belscher Linn 42 (Rivage-Gouvy) huet. Eng weider Antenn zweigt vun der Gare Ettelbréck of a féiert bis op Dikrech.
D'Gare vu Mäerkels ass eng "Halte sur demande", dat heescht, et muss een dem Chef de train Bescheed soen, fir erausklammen ze kënnen, oder um Quai wénken, fir matgeholl ze ginn.
D'Mäerkelsser Halt läit am Fong op der Mäerkelsser Millen, eng ronn 500 Meter Loftlinn vun der Uertschaft ewech. Iwwer d'Strooss ass et déck annerhallwe Kilometer bis an d'Duerf.
Zich déi an der Gare halenÄnneren
Aus Richtung | Halt virdrun | Zuch | Nächst Halt | A Richtung | ||
---|---|---|---|---|---|---|
Lëtzebuerg | Kautebaach | RB CFL-Linn 10 |
Paradiso | Wolz |
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Gare Mäerkels – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Praktesch Informatiounen iwwer d'Gare Mäerkels op der CFL-Websäit (de)
- D'Gare Mäerkels op der Websäit "rail.lu"
- D'Gare Mäerkels op der Websäit vu Spoorgroep Luxemburg
| |||
Lëtzebuerg - Ëlwen: Lëtzebuerg - Pafendall-Kierchbierg - Dummeldeng - Walfer - Heeschdref - Luerenzweiler - Lëntgen - Miersch - Kruuchten - Colmer-Bierg - Schieren - Ettelbréck - Méchela - Giewelsmillen - Kautebaach - Wëlwerwolz - Draufelt - Klierf - Ëlwen
|