Neufchâteau ass eng belsch Uertschaft an der Gemeng Dalhem an der Provënz Léck. Et ass mat 879ha 66a 52ca déi gréisst vun den 8 Sektiounen an der Gemeng. Neufchâteau hat Enn 2007 854 Awunner.

Neufchâteau
D'Kierch Saint-Laurent vun Aubin-Neufchâteau
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Léck
Gemeng Dalhem
Fläch 880
Koordinaten 50° 43’ 11’’ N
      05° 46’ 35’’ O
Telefonszon 04
Postcode 460

Et ass eng al Uertschaft mat schmuele Stroossen, déi ganz am Westhank ënner dem Lieu-dit Aubin läit, op deem d'Festungswierk Fort d'Aubin-Neufchâteau steet.

Kuckeswäertes änneren

Op der Place des Combattants steet e Mémorial vum 740th Tank Battalion als Ërennerung un déi gefalen Zaldoten an der Ardennerschluecht, an als Merci un d'Awunner vun Neufchâteau, déi den amerikaneschen Zaldoten an där Zäit gehollef hunn.

Et gëtt och ee Musée du Fort d'Aubin an deem Militärmaterial aus den zwéi Weltkricher ausgestallt ass, a Material vum Roude Kräiz aus där Zäit.

Um Spaweck änneren

Commons: Neufchâteau (Dalhem) – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
Monument vum 740th Tank Battalion
 
Remerciement um Monument