Hollerecher Elektrozentral

D'Hollerecher Elektrozentral gouf tëscht 1913 an 1914 zu Hollerech vun der Union des Aciéries gebaut. 1923 koum se, grad wéi d'Géisserei, an de Besëtz vun den Ateliers Paul Wurth.

Hollerecher Elektrozentral
Land Lëtzebuerg
Plaz Fond-de-Gras
Koordinaten 49° 32’ 05.70’’ N
      05° 51’ 40.35’’ O
Datum vum Bau 1913

An der Zentral, déi aus enger grousser Dampchaudière mat Killtuerm bestanen huet, gouf iwwer eng Dampmaschinn mat horizontale Pistonen eng Generatrice ugedriwwen déi 250 Volt Gläichstroum geliwwert huet.

De Stroum gouf vun den Ateliere vu Paul Wurth gebraucht. Donieft gouf d'Tubaksmanufaktur Heintz van Landewyck an d'Schampeskellerei Mercier, souwéi en ettlech Stéit beliwwert.

Wéi 1980 d'Zental opgehalen huet mat schaffen, goufen d'Hal an déi Haaptelementer ofgeriicht an 1988 am Industrie- an Eisebunnspark Fond-de-Gras erëm opgeriicht.

Do kann ee se elo sonndes tëscht 2 a 6 Auer mëttes kucke goen.