Grand Prix (Film 1966)
Film vum John Frankenheimer (1966)
Grand Prix ass en US-amerikanesche Film vum John Frankenheimer aus dem Joer 1966.
Ëm wat geet et am Film?
ännerenDe Film presentéiert eng Formel 1 Grand Prix Saison a romancéierter Form. D'Haaptpersonnagë vum Film sinn en US-amerikanesche Pilot (James Garner) a säi grousse Géigner de Fransous Jean-Pierre Sarti (Yves Montand). De Film spillt haaptsächlech op de Rennstrecke vu Monaco, Charade, Spa-Francorchamps, Zandvoort, Brands Hatch a Monza.