Eta Aquilae
η Aquilae | |
Numm | Eta Aquilae |
Stärebild: | Aquila (Aql) |
Daten | |
Equinoxe | J2000.0 |
Rektaszensioun | 19h 52m 28,368s |
Deklinatioun | + 01° 00' 20,38"[1] |
visuell Magnitude | 3,48 mag bis 4,39[1] |
Spektralklass: | F6 Ib bis G4 Ib[1] |
Astrometrie | |
Radialvitess: | (-25,1 ± 0,2) km/s[2] |
Parallax: | |
Distanz | 1200 Lj. |
Liichtkraaft | 3400 |
Physikalesch Eegenschaften | |
Mass: | 7 M☉ |
Radius: | 60 R☉ |
Metallizitéit: | |
Uewerflächentemperatur | 5300 bis 6200 K |
Rotatioun: | |
Alter: | |
Aner Bezeechnungen | |
Bayer-Bezeechnung | η Aquilae |
Bonner Duerchmusterung | BD +0° 4337 |
Bright Star Catalogue | HR 7570 |
Flamsteed-Bezeechnung | 55 Aquilae |
Henry-Draper-Katalog | HD 187929 |
Hipparcos-Katalog | HIP 97804 |
SAO | SAO 125159 |
Tycho-Katalog | TYC 480/3027/1 |
Weider Katalogen |
Den Eta Aquilae (η Aql) ass en Iwwerris a läit 1200 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech am Stärebild Aquila, 8° südlech vum hellen Altair. Ziimmlech rar gëtt den Eta Aquilae och mat sengem hebräeschen Numm Bezek oder Bazak (d. h. Blëtz) bezeechent.
Als Cepheideverännerlechen variéiert d'visuell Magnitude vum Eta Aquilae mat enger Period vu 7,176641 Deeg tëscht +3,48 mag an +4,39 mag. Zesumme mam Delta Cephei, Zeta Geminorum an dem Beta Doradus gehéiert den Eta Aquilae zu den hellsten Cepheiden. D'Hellegkeetsschwankunge goufe schonn am Joer 1784 vum Edward Pigott entdeckt. Den Eta Aquilae ka mat bloussem A observéiert ginn. Aus der Period-Liichtkraaft-Bezéiung kann een d'Distanz vum Eta Aquilae op 1100 Liichtjoer berechnen. Dee Wäert stëmmt also ganz gutt mat deem aus der gemoossener Parallax berechentem Wäert vun 1200 Liichtjoer iwwereneen.
Literatur
änneren- Der Brockhaus. Astronomie. 2006, S. 15.