Altair (Stär)

(Virugeleet vu(n) Altair)

De Stär Altair (och Atair genannt) ass deen hellste Stär am Stärebild Aquila (Aadler), Bayer-Klassifizéierung α Aquilae. Zesumme mat de Stäre Vega an Deneb bilt den Altair d'Summerdräieck.

De Summerdräieck: Deneb, Altair a Vega

Daten änneren

Den Altair ass e groussen Haaptreienzwerg mat dem 1,2-fachen Duerchmiesser vun eiser Sonn. Seng Liichtkraaft ass zirka déi 11-fach vun eiser Sonn. Mat enger Uewerflächentemperatur vun zirka 9.440 Kelvin ass den Altair en duerchschnëttlech waarme Stär.

Etymologie änneren

Den Numm Altair stammt aus dem Arabeschen (at-tair) a bedeit „Deen, dee flitt“.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie


Um Spaweck änneren

Commons: Altair – Biller, Videoen oder Audiodateien