Haaptmenü opmaachen

Emile-Théodore Melchers

Den Émile-Théodore ("Theo") Melchers, gebuer den 8. Oktober 1912 zu Péiteng a gestuerwen de 27. Dezember 1999 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Offizéier (Fräiwëllegekompanie, Gendarmerie grand-ducale an Arméi), Militärhistoriker an Auteur. A senge jonke Jore war hie militäresche Champion am Fechten.

BiographieÄnneren

No senge Secondairesstudien an der Stater École industrielle et commerciale (spéider LGL), tëscht 1925 an 1931, ass den E.T. Melchers am November 1932 Offizéiersaspirant an der Fräiwëllegekompanie ginn. Vun 1934 bis 1936 huet hien zu Bréissel op der École royale militaire studéiert, an den 23. Abrëll 1939 ass hien zum Läitnant ernannt ginn.

Wéi Nazi-Däitschland Lëtzebuerg besat hat, gouf hien, de 4. Dezember 1940, mat der ganzer Fräiwëllegekompanie op Weimar zur Umschulung geschéckt. 1941 hunn d'Preisen hien erausgehäit, an hien huet du beim Paul Wurth zu Hollerech geschafft.

Am September 1944, kuerz no der Liberatioun, ass hien der Gendarmerie zougewisen an op Dikrech affektéiert ginn. Den 11. Juli 1946 gouf hien 1. Läitnant a Kommandant am Arrondissement Lëtzebuerg. Am Juni 1948 gouf hien zum Kapitän vun der Arméi ernannt, a kuerz duerno gouf hien, deen a senge jonke Jore militäresche Champion am Fechte war, Missiounschef vun der lëtzebuergescher Fechtequipe op den olympesche Spiller vu London (1948). Den 9. Mee 1951 gouf hien zum Majouer an der Arméi ernannt.

1951/52 huet hien dunn zu Bréissel op der École de guerre studéiert, a vu Juli 1952 bis Enn August 1954 war hie Vertrieder vu Lëtzebuerg am Comité, deen d'Communauté européenne de défense (C.E.D.) zu Paräis virbereede sollt (d'C.E.D. war bekanntlech, wéinst der Oppositioun am franséische Parlament, e Mësserfolleg). Vun 1954 bis zu senger Pensionéierung huet den E.T. Melchers, mëttlerweil Lieutenant-Colonel, d'Lëtzebuerger Land am ieweschten Haaptquartéier vun der NATO, deemools zu Paräis, representéiert. 1964 huet hien nach den NATO Defence College, deemools zu Paräis, absolvéiert, an den 8. Oktober 1967 gouf hien als Colonel honoraire pensionéiert. 1982 war hien als Membre correspondant vun der Section historique an den Institut grand-ducal opgeholl ginn.

Den E.T. Melchers war bestuet a Papp vun engem Meedchen.

Wierk (Auswiel)Änneren

  • Kriegsschauplatz Luxemburg - August 1914, Mai 1940; Lëtzebuerg, 1959.
  • Luxemburg - Befreiung und Ardennenoffensive; Lëtzebuerg, 1981 (2. Oplo).
  • Les deux libérations du Luxembourg; Lëtzebuerg, 1959.
  • Bombenangriffe auf Luxemburg; Lëtzebuerg, 1984.
  • Die luxemburgische Militärorganisation vom Bundes-Kontingent zur Freiwilligen-Armee; in: Mémorial 1989 - La société luxembourgeoise de 1839 à 1989; Editioun Les Publications mosellanes (Nr. 28, ënner der Leedung vum Martin Gerges); Lëtzebuerg, 1989; Ss. 262–269 (Bibliogr.).
  • Unvergessene Gestalten unserer Dynastie; (mat senger Fra Ursy Melchers-Schmol); 2 Bänn; Lëtzebuerg, 1994 & 1998.

LiteraturÄnneren

  • Ehrencolonel E.T. Melchers + ; in: Luxemburger Wort vum 28. Dezember 1999.
  • Fern. Weirich, 36 Jahre danach... oder: Geschichten aus erster Hand - Zu dem Autor E.T. Melchers und seinen Büchern; in: Letzeburger Journal, Ausgab vum 30. November 1981.
  • J.-P. Koltz, Luxemburg - Befreiung und Ardennen-Offensive 1944-1945; Betrachtungen und Erinnerungen zu diesem Werk [ = 2. Auflage, 1981]; in: Die Warte - Perspectives, Nr. 10/1284, am Luxemburger Wort vum 18. März 1982.

ReferenzenÄnneren