Arrondissement Lëtzebuerg
D'Arrondissement Lëtzebuerg war e fréiert Arrondissement am Département des Forêts. Et gouf de 17. Februar 1800 gegrënnt, an den 11. Abrëll 1814 suppriméiert.
Zesummesetzung
ännerenD'Arrondissement huet aus 9 Kantone bestanen:
- Kanton Arel mam Chef-lieu Arel
- Kanton Beetebuerg mam Chef-lieu Beetebuerg
- Kanton Betzder mam Chef-lieu Betzder
- Kanton Gréiwemaacher mam Chef-lieu Gréiwemaacher
- Kanton Lëtzebuerg-Stad, mam Chef-lieu Lëtzebuerg
- Kanton Lëtzebuerg-Land, mam Chef-lieu Lëtzebuerg
- Kanton Miersch mam Chef-lieu Miersch
- Kanton Miezeg mam Chef-lieu Miezeg
- Kanton Réimech mam Chef-lieu Réimech
Prefekten
änneren- 1800: Johannes Birnbaum (1763-1832)