De Martin Gerges, gebuer den 11. Dezember 1919 zu Schwéidsbeng, a gestuerwen den 12. August 2000 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Editeur.

Martin Gerges
Gebuer 11. Dezember 1919
Schwéidsbeng
Gestuerwen 12. August 2000
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Enseignant, Editeur

Bei Geleeënheet vum éischte Schwéidsbenger Wäifest am Joer 1953 koum e Buch eraus iwwer d'Uertschaft an hir Wäikultur. Wéinst dem grousse Succès huet eng zweet Oplo missen nogedréckt ginn. D'Joer drop koum Notre Moselle, notre vin eraus.

Am Laf vun de Jore koumen am Martin Gerges senge Publications Mosellanes eng 40 Bicher eraus, an dat alles mat Kapital, dat de Gerges vu sech aus dragestach hat. Hien huet ë. a. 1959 dem Robert Bruch seng Iwwersetzung vum Ausonius senger Mosella erausginn als Dem Decimus Ausonius seng Rés op d'Musel.

D'Kréinung vum Martin Gerges senger Aarbecht als Editeur vun de Publications Mosellanes war dat méi wéi 1.000 Säiten déckt Buch Mémorial 1989: La société luxembourgeoise de 1839 à 1989, dat am Dezember 1989 erauskoum, eng Aart Enzyklopedie vu Lëtzebuerg mat Bäiträg vun 115 verschiddenen Auteuren zu de Beräicher Geschicht, Kultur, Literatur, Wëssenschaft, Konscht, Educatioun, Politik, Ekonomie, Santé, Philosophie, Relioun, etc.[1]

Gielercher änneren

Literatur änneren

  • Groben, J., 2019. Ein Moselaner mit kulturellem Weitblick : Zum 100. Geburtstag des Lehrers, Kulturautors und Verlegers Martin Gerges. Die Warte 2019-12-19, S. 14.
  • Mannes, G., 2002. Martin Gerges (1919-2000). Nos Cahiers 23 (2/3), S. 375-401.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. J.B, 1989. « Une grande anthologie du pays : Martin Gerges et le « Mémorial 1989 ». Luxemburger Wort 1989-12-23, Nr. 295, S. 5.
    Raus, M., 1990. Bedeutend mehr denn eine Staats-Show : Zu Martin Gerges' Memorial 1989. Lëtzebuerger Journal 1990-01-27, S. 11.
  2. (fr)Des personnalités de la vie culturelle et artistique à l’honneur Remise de décorations à la Bibliothèque nationale. viewer.eluxemburgensia.lu. Luxemburger Wort (25. Juni 1976). Gekuckt de(n) 2024-01-18.