Gare Diddeleng-Stad

Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn

D'Gare vun Diddeleng-Stad ass eng Gare op der CFL-Linn 6b tëscht der Gare Diddeleng-Biereng an der Gare Diddeleng-Zenter vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Nieft der Gare ass d'Barriär um CR184 (av. Grande-Duchesse Charlotte).

Gare Diddeleng-Stad
Streck 6b
PK 4,000
Quaien 1
Gleiser 1
Uertschaft Diddeleng
Gemeng Diddeleng
Kanton Esch-Uelzecht
Koordinaten 49° 29’ 00’’ N
      6° 04’ 58’’ O
Websäit CFL.lu

D'Linn 6 féiert vu Lëtzebuerg op Beetebuerg a vun do iwwer Näerzeng op Rëmeleng respektiv Esch-Uelzecht, vu wou et op Däitsch-Oth respektiv Rodange geet. Vu Beetebuerg féiert d'Linn 6 och nach op Diddenuewen respektiv op Wuelmereng.

D'Gare vun Diddeleng-Stad huet e gratis Park & Rail-Parking mat 142 Parkplazen a spezielle Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit.

Zich déi an der Gare halen änneren

Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Beetebuerg Diddeleng-Biereng   RB
CFL-Linn 60 
  Diddeleng-Zenter Wuelmereng
Lëtzebuerg Diddeleng-Biereng   RE
CFL-Linn 60 
  Diddeleng-Zenter Wuelmereng

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Gare Diddeleng-Stad – Biller, Videoen oder Audiodateien