Gare Diddeleng-Schmelz
| |||||
---|---|---|---|---|---|
![]() | |||||
Streck | 6b | ||||
PK | 5,226 | ||||
Quaien | 2 | ||||
Gleiser | 2 | ||||
Uertschaft | Diddeleng | ||||
Gemeng | Diddeleng | ||||
Kanton | Esch-Uelzecht | ||||
Koordinaten | 49° 28’ 21’’ N 6° 04’ 46’’ O | ||||
Websäit | CFL.lu |
D'Gare Diddeleng-Schmelz ass eng Gare op der CFL-Linn 6b tëscht der Gare Diddeleng-Zenter an der Gare Wuelmereng vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Et ass déi lescht Statioun virun der Grenz fir a Frankräich.
D'Linn 6 féiert vu Lëtzebuerg op Beetebuerg a vun do iwwer Näerzeng op Rëmeleng respektiv Esch-Uelzecht, vu wou et op Däitsch-Oth respektiv Rodange geet. Vu Beetebuerg féiert d'Linn 6 och nach op Diddenuewen respektiv op Wuelmereng.
D'Gare Diddeleng-Schmelz huet e gratis Park & Rail-Parking mat 37 Parkplazen a speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit.
Am Gebai vun der Gare ass de Centre de documentation sur les migrations humaines ënnerbruecht.
Zich déi an der Gare halenÄnneren
Aus Richtung | Halt virdrun | Zuch | Nächst Halt | A Richtung | ||
---|---|---|---|---|---|---|
Beetebuerg | Diddeleng-Zenter | RB CFL-Linn 60a |
Wuelmereng | Wuelmereng | ||
Lëtzebuerg | Diddeleng-Zenter | RE CFL-Linn 60a |
Wuelmereng | Wuelmereng |
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Gare Diddeleng-Schmelz – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Praktesch Informatiounen iwwer d'Gare Diddeleng-Schmelz op der CFL-Websäit (de)
- D'Gare Diddeleng-Schmelz op der Websäit "rail.lu"
- D'Gare Diddeleng-Schmelz op der Websäit vu Spoorgroep Luxemburg
| |||
Lëtzebuerg - Beetebuerg: Lëtzebuerg - Houwald - Bierchem - Beetebuerg |