Duebelbesteierungsofkommen

En Duebelbesteierungsofkommen ass eng vëlkerrechtlech Vereinbarung tëscht zwee Länner, déi d'Duebelbesteierung vu Bierger, déi an engem Land wunnen an aus engem anere Land Revenue bezéien, verhënnere soll. Si reegelt a wéi engem Ëmfang déi erhuewe Steiere jiddwerengem vu dësen zwee Länner zoustinn.

D'international Konventioune géint d'Duebelbesteierung sinn haut e wichtege Faktor an der Entwécklung vun enger Finanzplaz.

Am Laf vun de Joren huet Lëtzebuerg mat dëse Länner Konventiounen ofgeschloss:

  1. Belsch
  2. Brasilien
  3. Bulgarien
  4. China
  5. Däitschland
  6. Dänemark
  7. Éisträich
  8. Estland (vum 1. Januar 2008 un)
  9. Finnland
  10. Frankräich
  11. Georgien[1]
  12. Griicheland
  13. Groussbritannien
  14. Holland
  15. Indonesien
  16. Irland
  17. Island
  18. Israel
  19. Italien
  20. Japan
  21. Kanada
  22. Lettland
  23. Litauen
  24. Malaysia
  25. Malta
  26. Marokko
  27. Mauritius
  28. Mexiko
  29. Mongolei
  30. Norwegen
  31. Polen
  32. Portugal
  33. Rumänien
  34. Russland
  35. Schwäiz
  36. Schweden
  37. Singapur
  38. Slowakei
  39. Slowenien
  40. Spuenien
  41. Südafrika
  42. Südkorea
  43. Thailand
  44. Tierkei
  45. Trinidad an Tobago
  46. Tschechien
  47. Tunesien
  48. Ungarn
  49. USA
  50. Usbekistan
  51. Vereenegt Arabesch Emirater[2]
  52. Vietnam

Alleguer ginn se op d'Zäit nom Zweete Weltkrich zeréck. Eng Rei aner Konventioune sinn nach an der Negociatiounsphase oder sti virun hirer Akraaftsetzung.

Um Spaweck änneren

Websäit mam Stand vun de Konventiounen

Referenzen änneren

  1. Ënnerschriwwen de 15. Oktober 2007. – Publizéiert am Mémorial A N°1 vum 5. Januar 2010, Säit 4
  2. Ënnerschriwwen den 20. November 2005. Publizéiert am Mémorial A N° 256 vum 28. Dezember 2009. Rectificatif am Mémorial A N°17 vum 10. Februar 2010, Säit 246.