Dia (Mound)

Jupitermound


De Mound Dia (oder Jupiter LIII) ass ee vun de klenge Mounde vum Planéit Jupiter.

Dia
(Jupiter LIII)
Provisoresch oder
systematesch
Bezeechung
S/2000 J 11
Zentralkierper Jupiter
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 12 174 000 km
Periapsis 9 605 000 km
Apoapsis 14 743 000 km
Exzentrizitéit 0,211
Ëmlafzäit 274,40 Deeg
Ëmlafvitess ? km/s
Inklinatioun 28,237°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser ≈ 4 km
Dicht 2,6 g/cm3
Albedo 0,04
Visuell Magnitude (mag) 22,4
Entdeckung
Entdecker

Scott S. Sheppard,
David C. Jewitt,

Yanga R. Fernández
Entdeckungsdatum 5. Dezember 2000

Entdeckung änneren

Den Dia gouf de 5. Dezember 2000 vun den Astronome Scott S. Sheppard, David C. Jewitt, Yanga R. Fernández an Eugene A. Magnier entdeckt a krut déi virleefeg Bezeechnung S/2000 J 11. Den Objet konnt duerno allerdéngs laang Zäit net nees fonnt ginn[1] an huet doropshin als verluer gegollt. Eréischt am September 2012 gouf d'Zeréckentdeckung vum S/2000 J 11 bekanntgemaach.[2] De 7. Mäerz 2015 krut de Jupitermound säin offiziellen Numm Dia vun der I.A.U..[3] Den Numm Dia kënnt aus der mykenescher Mythologie an ass e weiblecht Géigestéck vum Zeus an an der griichescher Mythologie d'Fra vum Ixion.

Bunndaten änneren

Den Dia kreest an 274 Deeg an 10 Stonnen op enger mëttlerer Distanz vun 12.174.000 km ëm de Jupiter. D'Ëmlafbunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,21 a steet 28,3° schréi géint de lokale Laplace-Plang, deen ongeféier mam Bunnplang vum Jupiter zesummefält.

Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt den Dia zu der Himalia-Grupp gezielt, genannt nom Jupitermound Himalia.

Physikalesch Daten änneren

Den Dia huet en Duerchmiesser vun zirka 4 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. E besteet warscheinlech aus Silikatgestengs an huet eng ganz däischter Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 22,4m.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Grav et al. "Photometric survey of the irregular satellites", Icarus, Volume 166, Issue 1
  2. MPEC 2012-R22: S/2000 J 11
  3. USGS: New Name Approved for Jovian Satellite (Benennung)