De Max Thommes, gebuer 1987 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Schauspiller.

Wärend senger Lycéeszäit huet hien an der Band Inborn d'Batterie gespillt a mat hir den Album Persona opgeholl.[1]

Hien huet op der Ernst-Busch Héichschoul fir Schauspillkonscht zu Berlin studéiert. Zënterhier hat hie verschidden Theaterrollen, ë. a. , op der Schaubühne zu Berlin an am Kapuzinertheater an der Stad.

Hien huet an der Sitcom Weemseesdet matgespillt, wéi och a Filmer wéi Diamant 13, Trouble No More an D'Symmetrie vum Päiperlek. Am Mammejong vum Jacques Molitor (2015) hat hien d'Haaptroll.

2016 huet hien den "Niewekommissär" an der Tatort-Serie gespillt, déi zu Freiburg spillt.

Filmographie änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Referenzen änneren

  1. Informatiounen, wou net anescht uginn, sinn aus engem Telecransinterview "Was geht eigentlich gerade ab?" op filmreakter.lu, 25. Oktober 2015.