Chronologie vun der Astronomie (16. Joerhonnert)
D'Astronomie ass d'Kinnigin vun den Naturwëssenschaften. - Op dëser Säit gëtt versicht d'Entwécklung vun der Astronomie chronologesch festzehalen. Well d'Astronomie mat villen anere Wëssenschaften a Verbindung steet, kommen dofir och vill Bäiträg bei deene Geographie, Geologie, Mathematik, Mechanik, Physik, Chimie, Biologie an och Nei Technologien, déi mat der Astronautik ze dinn hunn, dra vir. Wéi an all Wëssenschaft ginn dacks Theesen an Theorien a komplett falsch Richtungen. Trotzdeem ass et derwäert fir och déi Iddien a Berechnunge festzehalen. Et mécht déi dréche Wëssenschaft méi attraktiv ze liesen.
Well den Artikel "Chronologie vun der Astronomie" ganz grouss ass, si méi Ënnerdeelunge gemaach ginn. D'Ënnerdeelunge gi stänneg aktualiséiert.
2001 - 6000 v. Chr. • 1001 - 2000 v. Chr. • 501 - 1000 v. Chr. • 1 bis 500 v. Chr. |
- 1500: De Juan de la Cosa, spuenesche Séifuerer presentéiert eng Weltkaart mat den Entdeckunge vun der neier Welt.
- 1507: De Martin Waldseemüller stellt déi éischt gedréckt Weltkaart vir mat dem Numm Amerika fir déi nei Welt (genannt nom Amerigo Vespucci).
- 1516: De Martin Waldseemüller stellt déi éischt gedréckt Séikaart (Carta Marina Navigatoria") vir. Quadratesch Plattkaarte.
- 1524: Peter Apian: Kosmographie. Éischt Uwendung vun der Pollinn op zwou Äerdkaarten.
- 1554: De Gerhard Mercator publizéiert seng "Kaart vun Europa" a Kegelprojektioun, 15 Blieder. (40 Joer laang fabrizéiert hie Weltkaarten)
- 20. Mee 1570: Den Abraham Ortelius stellt zu Antwerpen eng grouss Weltkaart mat 8 Blieder vir d'Theatrum Orbis Terrarum, deen éischte modernen Atlas.
- 11. November 1572: Den däneschen Astronom Tycho Brahe observéiert am Stärebild Cassiopeia eng Supernova.
- 26. September 1580: De Sir Francis Drake kënnt vu senger Weltëmsegelung (1577 – 1580) zeréck an England.
- 6. Oktober1582: Duerch den Ufank vun der gregorianescher Zäitrechnung gëtt et dësen Dag an de kathoulesche Länner vun Europa net.
- 3. August1596: Dem David Fabricius falen als Éischten d'verännerlech Stären op. Den Omikron Ceti am Stärebild Cetus, huet seng Hellegkeet an der Zäit vun 331 u sou verännert, datt een hie mol net méi mat bloussem A konnt gesinn. Opgrond vun dësem Verhale gouf de Stär Mira, genannt.