Francis Drake

engleschen Admirol

De Sir Francis Drake, gebuer ëm d'Joer 1540 a gestuerwen den 28. Januar 1596 zu Portobello (Panama), war en engleschen Admirol.

De Sir Francis Drake

Seng éischt Séireesen hunn de Francis Drake als Begleeder vum Responsabele vum englesche Sklavenhandel, John Hawkins an Hannerindien an a Guinea gefouert.

Als 22-järege Kapitän huet hie mat vill Erfolleg sougenannt Kaperfaarten am Golf vu Mexiko ënnerholl an 1572 do d'Stad Nombre de Dios ausgeplënnert. 1573 huet hien a Panama e spuenesche Sëlwertransport vu 40.000 Pond ofgefaangen. No deem hie mat dësem Sëlwer an England zeréckkomm war, gouf hie vun der englescher Kinnigin Elisabeth I. beoptraagt Südamerika z'ëmseegelen an déi spuenesch Häfen am Weste vu Südamerika unzegräifen.

Op dëser Faart huet de Francis Drake als éischten Englänner mat sengem Schëff Golden Hind d'Welt ëmsegelt (1581).

1585 huet de Francis Drake a Südamerika Santiago, Santo Domingo a Cartagena eruewert.

1587 huet hien e groussen Deel vun der spuenescher Krichsflott am Hafe vu Cadiz a Brand gesat an hien huet 1588 als Vizeadmirol géint déi an der Zwëschenzäit erneiert spuenesch Armada, déi England ugréife wollt, d'Uewerhand behal.

Dem Francis Drake seng lescht Faarten zesumme mam John Hawkins an der Karibik (1595) hunn him keng weider Succèse bruecht. Hien ass an der Géigend vu Portobello krank ginn an och do gestuerwen.

Um Spaweck änneren

Commons: Francis Drake – Biller, Videoen oder Audiodateien