Chronologie vun der Astronomie (6. Joerhonnert v. Chr. bis 10. Joerhonnert v. Chr.)
D'Astronomie ass d'Kinnigin vun den Naturwëssenschaften. - Op dëser Säit gëtt versicht d'Entwécklung vun der Astronomie chronologesch festzehalen. Well d'Astronomie mat villen anere Wëssenschaften a Verbindung steet, kommen dofir och vill Bäiträg bei deene Geographie, Geologie, Mathematik, Mechanik, Physik, Chimie, Biologie an och Nei Technologien, déi mat der Astronautik ze dinn hunn, dra vir. Wéi an all Wëssenschaft ginn dacks Theesen an Theorien a komplett falsch Richtungen. Trotzdeem ass et derwäert fir och déi Iddien a Berechnunge festzehalen. Et mécht déi dréche Wëssenschaft méi attraktiv ze liesen.
Well den Artikel "Chronologie vun der Astronomie" ganz grouss ass, si méi Ënnerdeelunge gemaach ginn. D'Ënnerdeelunge gi stänneg aktualiséiert.
2001 - 6000 v. Chr. • 1001 - 2000 v. Chr. • 501 - 1000 v. Chr. • 1 bis 500 v. Chr. |
- Ëm 900 v. Chr.: Vun elo un: genee Joreszuelen.
- 841 v. Chr.: Fest Chronologie an der chineesescher Geschichtsschreiwung.
- 775 v. Chr.: Zu Babylon huet d'Astronomie een héijen Niveau an der Bestëmmung vun der Himmelskierperbeweegung erreecht.
- 775 v. Ch: D'Sonnendäischtert vum 6. September stellt den éischte sécheren Datum vun der chineesescher Geschicht duer.
- 763 v. Chr.: Assyresch Astrologen notéieren eng Sonnendäischtert.
- Ëm 750 v. Chr.: D'Äerdpopulatioun iwwerschreit d'100 Milliounegrenz.
- Ëm 700 v. Chr.: Babylonesch Weltkaarten op Tountafelen.
- Am 8. Joerhonnert v. Chr.: D'Chineese beschäftege sech mam Kalenner. / Bronzezäit an Europa.
- 650 v. Chr.: Ninive huet eng grouss Bibliothék mat Tountafelen déi Urkunden, Verträg, Kaf a Verkaf, Tausch, Pacht, Zënsen asw. enthalen. Ninive war e bedeitenden Handelszentrum, eng almesopotamesch Stad um Tigris, an deem haitegen Irak.
- 640 v. Chr.: De chaldäeschen Astronom Berosus, angeblech de Schoulmeeschter vum Thales, soll déi éischt Sonnenauer erfonnt hunn.
- 640 v. Chr.: Ëffentlech Waasseraueren an Assyrien.
- 620 v. Chr.: De Kaläos vu Samos fiert als éischten duerch Strooss vu Gibraltar.
- 604 v. Chr.: De Glaukos vu Chios erfënnt d'Léide vum Eisen.
- 7. Joerhonnert v. Chr.: Lydien (Klengasien): Klappe vun Eedelmetallstécker als Virleefer vu Mënze mat Bilddrock.
- 600v. Chr.: Den T. Priscus baut déi éischt réimesch Steebréck.
- 600v. Chr.: A China an a Griicheland déngt e Gnomon (e Staf dee Schiet wäerft) als einfacht astronomescht Moossinstrument.
- 600 v. Chr: Den Uelegbam kënnt vu Griicheland no Italien.
- 600 v. Chr.: China mécht Seidenhandel mat Indien a Westasien.
- 597 v. .Chr.: Mënzen aus Athen hunn en Eilebild.
- 595 v. .Chr.: D'Phenizier ëmsegelen Afrika an dräi Joer am Optrag vum Kinik Necho vun Egypten.
- 585 v. Chr.: Den Thales vu Milet erkennt d'Ursaach vun de Sonnen- a Mounddäischterten. Hie soll d'Sonnendäischtert vum 28. Mee 585 virausgesot hunn. D'Äerd selwer awer huet hien als schwiewend Scheif gesinn.
- 585 v. Chr.: Den Thales vu Milet erkennt, datt de Magnéit Eisen a geriwwene (elektreschen) Bernstein Wollfiedem unzitt.
- 560 v. Chr.: D'griichesch Geléiert betruechten d'Äerd als Scheif, ob där eng Himmelshallewkugel opsëtzt (Thales vu Milet) oder déi fräi an der Himmelskugel schwieft (Anaximander vu Milet, Schüler vum Thales).
- 560 v. Chr.: Den Anaximander vu Millet benotzt de Gnomon fir d'Ekliptikschréicht ze moossen a mécht den éischte Versuch eng Äerdkaart ze zeechnen.
- Ëm 560 v. Chr.: Dem Anaximander vu Milet seng Äerdkaart weist nëmme Festland un, oder eng zesummenhängend Insel a ronderëm e groussen Ozean.
- 550 v. Chr.: Den Theodoros, Tempelarchitekt an -ingenieur op Samos gëllt als Erfinder vun engem vollkommenen Äerzgossverfahren. Och Waasserwo, Wénkelmooss, Schlëssel a Dréibänk sinn him bekannt.
- 550 v. Chr.: Den Xenophanes vu Kolophon féiert déi verstengert Mieresdéieren op de Bierger als Beweis fir den Ursprong vun eiser Äerd aus dem Mier.
- Ëm 550 v. Chr.: D'Réimescht Moundjoer gëtt mat 10 Méint gerechent (spéider mat 12) mat onreegelméissege Schaltungen.
- Ëm 550 v. Chr.: Zu Babylon ass mat de geneeë Viraussoe vun de Stärestänn a Sonnedäischteren d'Ufanksstadium vun der wëssenschaftlecher Astronomie erreecht.
- Ëm 500 v. Chr.: Éischt Versich vum Anaximander vu Milet fir eng Kaart vun der Äerd opzestellen.
- Ëm 550 v. Chr.: Zu Babylon gëtt de Moundjoer-Kalenner (354 Deeg, 12 Méint mat ofwiesselnd 30 an 29 Deeg) duerch reegelméisseg, op Rechnung berouend Schaltméint verbessert.
- 549 v. Chr.: Éischt Mënze mat Bildprägung (Schildkröt) a Lydien, ënner dem Kinnek Kroisos.
- 547 v. Chr.: D'Sonnenauer kënnt vu Babylonien no Sparta.
- 539 v. Chr.: Duerch d'Eruewerung vu Babylon kënnt och d'Astronomie an d'Astrologie no Persien.
- 535 v. Chr.: De Pythagoras vu Samos stellt den pythagoresche Léiersaz op. Donieft verbessert hien och nach den Abakus.
- 535 v. Chr.: De Pythagoras erkennt als éischten datt d'Äerd eng Kugel ass, mengt awer datt ausser dem Mound och d'Sonn an d'Planéiten d'Äerd ëmkreesen. - Hien erkennt weider, datt den Owestär (Hesperos) an de Mueresstär (Phosphorus) de selwechten Himmelskierper ass.
- 535 v. Chr.: Den Anaximenes, Léierbouf vum Anaximander, léiert datt de Äerdmound nëmme liicht, well d'Sonn de Mound beliicht.
- 515 v. Chr.: Den Xenophanes vu Kolophon deit d'Fossilien als Mieresdéieren aus fréiere Landiwwerschwemmungen.
- Ëm 500 v. Chr.: D'Pythagoreer léieren d'Kugelgestalt vun der Äerd, den Herataeus vu Milet: Äerdkaart.
- 500 v. Chr.: Den Hekatäus vu Milet (*-549,†-486) ernimmt als éischten Europäer, Indien op senger Rondfaart.
- 500 v. Chr.: D'Griichen ersetzen déi fréier Zuelenzeechen duerch Buschtawen.
- 500 v. Chr.: D'Beliichtung a Griicheland duerch Fakelen an Halteren. D'Fakele si mat Haarz a Pech gedränkt.
- 500 v. Chr.: D'Kelten kennen d'Schweessstolprodukter aus manganhaltegem Eisenäerzen.
- 500 v. Chr.: Mënze verbreede sech als Bezuelmëttel an der griichescher Welt.
- 500 v. Chr.: Wäinubau an Italien an a Gallien. (D'Gallier fabrizéieren hëlze Fässer fir de Wäin ze lageren.)