Chronologie vun der Astronomie (1. Joerhonnert bis 5. Joerhonnert)

D'Astronomie ass d'Kinnigin vun den Naturwëssenschaften. - Op dëser Säit gëtt versicht d'Entwécklung vun der Astronomie chronologesch festzehalen. Well d'Astronomie mat villen anere Wëssenschaften a Verbindung steet, kommen dofir och vill Bäiträg bei deene Geographie, Geologie, Mathematik, Mechanik, Physik, Chimie, Biologie an och Nei Technologien, déi mat der Astronautik ze dinn hunn, dra vir. Wéi an all Wëssenschaft ginn dacks Theesen an Theorien a komplett falsch Richtungen. Trotzdeem ass et derwäert fir och déi Iddien a Berechnunge festzehalen. Et mécht déi dréche Wëssenschaft méi attraktiv ze liesen.

Well den Artikel "Chronologie vun der Astronomie" ganz grouss ass, si méi Ënnerdeelunge gemaach ginn. D'Ënnerdeelunge gi stänneg aktualiséiert.

2001 - 6000 v. Chr.1001 - 2000 v. Chr.501 - 1000 v. Chr.1 bis 500 v. Chr.
1 - 500601 - 100011. Jh.12. Jh.13. Jh.14. Jh.15. Jh.16. Jh.17. Jh.18. Jh.19. Jh.20. Jh.21. Jh.


  • 10: De griicheschen Astronom Kleomedes mierkt d'astronomesch Stralebriechung bei de Stären.
  • 41 - 54: De Pomponius Mela gëtt säi Wierk "De Chorographia" eraus. Et ass déi fréiste Beschreiwung vun der aler Welt.
  • 46: De Sosigenes vun Alexandria entwërft e Kalenner, deen um renge Sonnejoer opgebaut ass an dee vum Julius Caesar agefouert gouf a bis zur Gregorianesche Kalennerreform bestoe blouf (Julianesche Kalenner).
  • 50: De Marino aus Tyros zeechent fir d'éischt, bei Uertsbestëmmungen, d'Längt an d'Breet an erfënnt déi flaach Kaart (Gradnetzkaart).
  • 50: De Lucius Annaeus Seneca erkläert datt d'Koméiten eng Usammlung vu klenge Kierpercher (stellae erraticae) wieren a schreift hinnen eng Beweegung a laanggestreckte Bunnen zou.
  • 54: De Seneca erkennt datt net eleng de Mound, mä och d'Sonn verantwortlech ass fir d'Gezäiten op eiser Äerd.
  • 70: De Plinius den Ale gëtt a senger "Historia naturalis" vill Tatsaachen aus alle Gebidder vun den exakte Wëssenschafte bekannt.
  • 78: De Plutarch beméit sech, Analogien tëscht der Uewerflächeformatioun vu Mound an Äerd ze fannen.
  • Ëm 100: De Marinus vu Tyrus féiert rechteckeg Flaachkaarten als éischt Gradnetzkaarten an.
  • 100: De Menelaos vun Alexandria behandelt a senger Spherik déi wichtegst Sätz vun der sphärescher Trigonometrie.
  • 105: Nodeem d'Chineese schonn am 3. Joerhonnert v. Chr. Pabeier aus Hanf produzéiert hunn, erfënnt den Tsai-Lun d'Hierstellung vu Pabeier aus Seid a Léngelompen.
  • 140: De Claudius Ptolemaeus gëtt e Stärekatalog mat 1028 Nimm eraus a mécht säi berüümt Wierk "Almagest". D'astronomesch Theorien aus dem Almagest gëlle bis an dat spéit Mëttelalter.
  • 359: De Hillel Hanassi vun Tiberias grënnt déi jiddesch Zäitrechnung.
  • 500: Den Astronom Arya-Bhatta huet der indescher Algeber därmoosse gehollef, datt hien allgemeng als Papp vun der indescher Algeber bezeechent gëtt.