Black Dju
Black Dju ass e lëtzebuergesch-portugisesch-belsche Film vum Pol Cruchten aus dem Joer 1996.
Film | |
---|---|
Produktiounsland |
Lëtzebuerg Belsch Portugal |
Produktiounsjoer | 1996 |
Première | 1997 |
Originalsprooch |
Lëtzebuergesch Franséisch Portugisesch |
Ekipp | |
Regie | Pol Cruchten |
Dréibuch |
Pol Cruchten Frank Feitler |
Fotografie | Daniel Barrau |
Musek |
André Mergenthaler Manu Dibango |
Produzent |
Samsa Film Saga Film Vermedia RTBF |
Produktiouns- gesellschaft | Samsa Film |
Schauspiller | |
Richard Courcet als Dju Philippe Léotard als Inspekter Pletschette Patrice-Flora Paxo François Morel François Hadji-Lazaro Myriam Mézières Césaria Evora Steve Karier Serge Wolff | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Ëm wat geet et am Film?
ännerenDen Dju, e Capverdianer, kënnt op Lëtzebuerg fir no sengem Papp ze sichen, deen dohin emigréiert war. E mécht Bekanntschaft mam Inspekter Pletschette, engem desillusionéierten an alkoholkranke Polizist. Zesumme maache se sech op d'Sich...
Produktioun
ännerenDe Lëtzebuerger Filmfong huet Samsa Film fir d'Produktioun vum Film 1992 mat engem Subside an Héicht vun 20 Millioune Lëtzebuerger Frang ënnerstëtzt.[1] Schonn 1990 hat Phenix Productions eng "Aide à l'écriture vun 800.000 Frang vum Filmfong kritt.[2] Donieft krut Samsa Film 1993 och nach eng finanziell Ënnerstëtzung vun 1,9 Millioune franséische Frang aus dem europäesche Fong Eurimages.[3]
1996 schliisslech huet de Filmfong nach eng "Aide à la distribution" vun 2,5 Millioune Lëtzebuerger Frang accordéiert.[4]
Black Dju gouf um ënner anerem zu Chicago an zu Addis Abeba gewisen.[5]
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Rapport d'activité du Ministère des Affaires culturelles 1991, Mäerz 1993, Säit 60
- ↑ Rapport d'activité du Ministère de la Culture 1990, Säit 68
- ↑ Rapport d'activité du Ministère des Affaires culturelles 1993, Mäerz 1994, Säit 73
- ↑ Rapport d'activité du Ministère de la culture 1996, Mäerz 1997, Säit 115
- ↑ Rapport d'activité du Ministère de la culture 1997, Mäerz 1998, Säit 140