Roxy (Film)
Roxy ass e lëtzebuergesche Kuerzfilm vum Fabien Colas an Émile V. Schlesser. D'Première war um Luxembourg City Film Festival 2015. De Film war bei der 7. Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis an der Kategorie "Beschte Kuerzfilm" nominéiert.[1]
![]() | |
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Lëtzebuerg |
Produktiounsjoer | 2015/2016 |
Première | 2. Mäerz 2015 |
Dauer | 8 min |
Faarf | Faarweg |
Originalsprooch |
Lëtzebuergesch, Däitsch |
Ekipp | |
Regie | Fabien Colas |
Dréibuch |
Fabien Colas, Émile V. Schlesser |
Fotografie | Olivier Koos |
Musek | Michel Reis |
Schnëtt | Émile V. Schlesser |
Produzent | Émile V. Schlesser |
Schauspiller | |
Nickel Bösenberg, Thomas M. Held, Anne Metzler, Christiane Rausch, Émile V. Schlesser | |
SynopsisÄnneren
D'"Roxy" schafft als Prostituéiert an enger Roulotte op der Däitsch-Lëtzebuergescher Grenz. Nodeems si virun engem brutalen Iwwergrëff gerett gëtt, léiert si de Jeff kennen, e mysteriéise jonke Mann, vun deem si net weess, wat hien a Wierklechkeet vun hir wëll.
SossÄnneren
Dëse Film existéiert an 2 Versiounen. Op der Première um LuxFilmFest 2015 gouf eng Versioun vu 17 Minutte presentéiert. 2016 hunn den Émile V. Schlesser an de Fabien Colas de Film iwwerschafft, an eng gekierzt Versioun vun 8 Minutten um Hollyshorts Film Festival zu Hollywood presentéiert.
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
- Fiche op luxfilmfest.lu
- Fiche op filmfund.lu
ReferenzenÄnneren
- ↑ cineuropa.org: Luxembourg’s D'Filmakademie unveils nominations for its biennial awards (16. Dezember 2015)