Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


De Michel Wurth, gebuer de 17. Abrëll 1954 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Ekonomist, Jurist a Manager.

Michel Wurth
Gebuer 17. Abrëll 1954
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ekonomist
Wikidata-logo-without-paddings.svg

1979 koum hien als Finanzanalyst op d'ARBED.

Vun 2006 bis Abrëll 2014 war hie Member vun der Generaldirektioun vun ArcelorMittal. Hien ass President vum Verwaltungsrot vun ArcelorMittal Luxembourg a Member vum Verwaltungsrot vum ganze Grupp.[1]

De Michel Wurth ass President vun der Chambre de commerce, vun der UEL, vun der BIP Investment Partners a vu Paul Wurth. Hien ass Verwaltungsrotsmember vun der Lëtzebuerger Zentralbank, vun der BGL BNP Paribas, vun der Brasserie Nationale, vum d'Lëtzebuerger Land a vum Grupp Hôpitaux Robert-Schuman. Ausserdeem ass hien och ee vun de Vizepresidente vun der FEDIL a vum Lëtzebuerger Roude Kräiz.

Säin Urgrousspapp war de Paul Wurth.

Gielchen

Referenzen

  1. "Michel Wurth: Récktrëtt aus der ArcelorMittal-Directioun." RTL.lu - 11.12.2013, 18:15 | Fir d'lescht aktualiséiert: 11.12.2013, 18:36.
  2. Rapport d'activité vum Ministère d'Etat vun 2002 op gouvernement.lu