Beruffschamber

Organ dat d'Interessie vun de Beruffsgruppen vertrëtt

Zu Lëtzebuerg sinn d'Beruffschamberen (och: Beruffskummeren) offiziell, gesetzlech Organer, deenen hir Haaptaufgab dodra besteet, d'Interessie vun de jeeweilege Beruffsgruppen z'erhalen an ze verdeedegen, andeems se dem Staat hir Usiichten ënnerbreeden.

Dem Lëtzebuerger Recht no muss d'Regierung, wa se Gesetzer oder groussherzoglech Reglementer aféiere wëll déi eng bestëmmt Beruffsgrupp betreffen, eng offiziell Stellungnam vun der jeeweileger Beruffschamber froen. D'Beruffschamberen hunn och d'Recht, der Regierung Virschléi bei Ugeleeënheeten ze maachen, déi an hiren Zoustännegkeetsberäich falen. No der Iwwerpréiwung vun de Virschléi kann d'Regierung dës un d'Parlament viruginn.

Jiddereen deen zu Lëtzebuerg schafft oder pensionéiert ass an deen an d'Zoustännegkeet vun enger vun de Beruffschambere fält, ass zwangsleefeg Member vun dëser Chamber. D'Zesummesetzung vun de Beruffschambere gëtt duerch Wale bannent all de Beruffsgruppe bestëmmt, fir déi déi eenzel Kummeren zoustänneg sinn. All Member, ob Lëtzebuerger oder Auslänner, kann en aktiivt a passiivt Walrecht ausüben. D'Fonctionnement vun enger Beruffschamber entsprécht dem Prinzip vun der Selbstverwaltung.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Sozialwalen.

Et gëtt fënnef Beruffschamberen zu Lëtzebuerg:

Geschicht änneren

Den 10. Juli 1920 gouf d'Gesetz vum 28. Juni 1920 iwwer d'Grënnung vun enger Chambre de travail op Wielerbasis[1] am Mémorial publizéiert. Dat Gesetz gouf awer net an där Form ëmgesat an et gouf 1924 duerch dat neit Gesetz iwwer d'Beruffschamberen ofgeschaaft an ersat.

1924 gouf et, op Basis vum Gesetz vum 4. Abrëll 1924 iwwer d'Grënnung vu gewielte Beruffschamberen[2], fënnef Beruffschamberen. Et waren dat:

Duerch d'Gesetz vum 12. Februar 1964 gouf d'Chambre des fonctionnaires et employés publics als sechst Beruffschamber gegrënnt[4].

Den 1. Januar 2009 gouf op Basis vum Gesetz vum 13. Mee 2008 iwwer d'Aféiere vum Eenheetsstatut fir Salariéen am Privatsecteur[5] d'Chambre des salariés gegrënnt. Si ass aus der Fusioun vun der Chambre des employés privés mat der Chambre de travail ervirgaangen.

Um Spaweck änneren

D'Beruffschamberen op der Websäit vun der Lëtzebuerger Regierung

Internetsitte vun de Kummeren: änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Loi du 28 juin 1920 portant création d'une chambre de travail à base élective
  2. Loi du 4 avril 1924 portant création de chambres professionnelles à base élective
  3. Arrêté grand-ducal du 8 octobre 1945 portant réorganisation du statut de la Chambre des Artisans
  4. Loi du 12 février 1964 ayant pour objet de compléter la loi du 4 avril 1924, portant création de chambres professionnelles à base élective par la création d'une chambre des fonctionnaires et employés public
  5. Loi du 13 mai 2008 portant introduction d'un statut unique pour les salariés du secteur privé et modifiant: (...) la loi modifiée du 4 avril 1924 portant création de chambres professionnelles à base élective