Ferdinand Pescatore
lëtzebuergesche Geschäftsmann a Politiker
De Charles-Philippe-Louis Pescatore, genannt Ferdinand Pescatore, gebuer den 20. Juni 1791, a gestuerwen de 25. Dezember 1862, war e lëtzebuergesche Geschäftsmann a Politiker.
Ferdinand Pescatore | |
---|---|
Gebuertsnumm | Charles Philippe Louis Ferdinand Pescatore |
Gebuer |
20. Juni 1791 Lëtzebuerg |
Gestuerwen | 25. Dezember 1862 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Famill | |
Papp | Dominique Pescatore |
Geschwëster | Antoine Pescatore |
De Ferdinand Pescatore war de Jong vum Dominique Pescatore. Hien hat eng Epicerie an der Stad Lëtzebuerg, a méi spéit och eng Filial zu Tréier. 1829 huet hien d'Steeseler Millen geierft a moderniséiert.
1841 gouf hie President vun der Chambre de commerce. Hie war vun 1842 bis 1848 Member[1] am Rot vun de Stänn a vun 1844[2] bis 1848 Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg[3].
Vum 28. November 1857 bis zu sengem Doud war hie Member vum Staatsrot[4].
Kuckt och
ännerenVirgänger: François Scheffer |
Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg 1844 - 1848 |
Nofollger: Jean-Pierre David Heldenstein |
Referenzen
änneren- ↑ Nicolas Als, Robert L. Philippart: La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994, S. 524
- ↑ Memorial N° 3 vun 1844 mam ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL du 29 décembre 1843, N° 2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché
- ↑ Arrêté royal grand-ducal du 29 décembre 1843, n° 2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché, publizéiert am Mémorial N° 3 vun 1844, Ss. 13-24, (cf. S. 14)
- ↑ Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot