Tony Neuman
Den Antoine (Tony) Neuman, gebuer den 20. Juni 1902 zu Feelen, gestuerwen den 29. Januar 1979 zu Cap-Ferrat, war e lëtzebuergeschen Affekot, Notaire, Gaardenamateur a Konschtmäzen.
Tony Neuman | |
---|---|
![]() | |
Gebuer | 20. Juni 1902 |
Gestuerwen | 29. Januar 1979 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Affekot |
Hie war President vum Verwaltungsrot vun der ARBED, President vun der Chambre de commerce a Vizepresident vum lëtzebuergesche Roude Kräiz.
Um Lampertsbierg huet den Tony Neuman bei senger Villa e grousse Park mat Arboretum uleeë gelooss, deen hien dem Roude Kräiz hannerlooss huet. De Park Neuman gëtt vun der Stad Lëtzebuerg betreit an ass fir jiddwereen op.
Inhaltsverzeechnes
Säi LiewenÄnneren
No senger Première am Kolléisch studéiert den Tony Neuman Droit zu Paräis an zu Alger, gëtt dann Affekot an Notaire, fir d'éischt zu Réimech (1929), duerno zu Diddeleng (1937 - 1947), do och fir d'ARBED.
- Vun 1927 bis 1928 war hie President vun der ASSOSS.
- Vun 1939 un war hie Member a vun 1946 bis 1976 Vizepresident vum Verwaltungsrot vum Lëtzebuergesche Roude Kräiz.
- Vun 1961 bis 1972 war hie President vum Verwaltungsrot vun der ARBED.
- Vun 1959 bis 1974 war hie President vun der Chambre de commerce.
1947 huet den Tony Neuman eng Villa mat groussem Gaart an der Avenue de la Faïencerie um Lampertsbierg (Stad Lëtzebuerg) kaaft. 1959 huet hien d'Propriétéit duerch Ukaf erweidert an huet den Alphonse Hollmann als Gäertner engagéiert, deen de Park a senger haiteger Form ugeluecht huet.
Den Tony Neuman war Konschtamateur a Mäzen. A sengem Gaart, dem haitege Parc Tony-Neuman, goufe Skulpture vu lëtzebuergeschen an auslännesche Kënschtler (ë. a. vum Lucien Wercollier a vum Henri Laurens) installéiert. A senger Villa huet hie méi dacks säi Frënd Edward Steichen empfaangen.
GielercherÄnneren
- Officier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1958)[1]
- Commandeur vum Ordre d'Orange-Nassau (Promotioun 1954)[2]
LiteraturÄnneren
- AAT - Garten und Teichfreunde Luxemburgs (éditeur), 1997. Parc Tony Neuman. Imprimerie Saint-Paul, Lëtzebuerg. 64 S.
- Marcel Engel, Edmond Lorang, Emmanuel Tesch, Henri Ahlborn, Henri Loutsch, Joseph-Emile Muller, 1980. Tony Neuman, Croix-Rouge luxembourgeoise an ARBED. Imprimerie Centrale, Lëtzebuerg.
Um SpaweckÄnneren
Commons: Tony Neuman – Biller, Videoen oder Audiodateien |