Händschenindustrie zu Lëtzebuerg

D'Händschenindustrie zu Lëtzebuerg verdankt dem Jonas Lippmann hiren Opschwong zu Lëtzebuerg.

Gebai vun der aler Händschefabrick Albert Reinhard am Gronn
Foto Edouard Kutter, Copyright: Photothèque de la Ville de Luxembourg"

Et heescht zwar 1811 wiere schonn op zwou Plazen Händsche fabrizéiert ginn, zu Veianen an zu Gréiwemaacher. Et heescht och den Abraham Lazard wier deen éischte gewiescht, deen Händschen zu Lëtzebuerg hiergestallt hätt. Et bleift trotzdeem wouer, datt de Jonas Lippmann der Händscheproduktioun eng industriell Dimensioun ginn huet. 1821 huet hie sech an der Phillippsgaass néiergelooss. Hie war dozou vun der Regierung encouragéiert ginn. Si huet him nämlech e Prêt op zéng Joer vu 25.000 Florinën zu engem niddregen Zënsfouss accordéiert[1][2]. Duerno, géint 1825, ass en an dat aalt Klouschter an de Pafendall geplënnert, do wou de Quetschlik Godchaux seng Wiewerei hat. Den Isaï Lippmann, Fils vum Jonas a Papp vum Nobelpräisdréier Ferdinand Gabriel, huet dunn d'Affären iwwerholl an ass 1836 mat sengem Händschen-Atelier op Bouneweg gezunn.

An der Tëschenzäit (1835) hat de Joseph Noppeney och eng Händsche-Manufaktur an der Dräikinneksgaass opgemaach an de François-Joseph Lasabatie huet Händschen zu Iechternach fabrizéiert. Also gläich dräi Etablissementer waren zu där Zäit aktiv. D'Valeur vun der Produktioun vun deene 3 Entreprisen huet 750.000 Frang erreecht. Si war souzesoen ausschliisslech fir den Export bestëmmt, 60 % dovu ware fir Däitschland a 40 % fir d'Belsch. D'Händscheproduktioun huet also staark vum Zollveräin profitéiert. Wéi de Lasabatie faillite gaangen ass an de Joseph Noppeney sech zeréckgezunn huet, hat den Jonas Lippmann liicht Spill. Déi grouss Zäit vun den Händschefabrikante koum 1873, nodeem si déi franséisch Konkurrenz ausgeschalt haten. Si hu 60.000 Puer Händsche mat engem Gesamtwäert vun 2,4 Millioune Frang produzéiert a méi wéi 300 Persoune beschäftegt. Dat war vill fir déi Zäit.

D'Händschenindustrie war laang déi wichtegst Industrie um Gebitt vun der Stad. Nom Doud vum Jonas Lippmann (1841) huet seng Famill sech 1848 op Paräis zeréckgezunn[2]. Am Joer 1881 war et d'Händschebabréck Reinhard am Stadgronn, déi den Toun an der Händscheproduktioun uginn huet.

D'Händschenindustrie ass duerch déi zwéi Weltkricher schwéier getraff ginn. Duerch den Éischte Weltkrich huet se hir iwwerséiesch Ofsazmäert verluer. Eng Relance vun der Produktioun no 1918 ass doduerch erschwéiert ginn, well den Export vu Päerdshait verbuede gouf. Am Zweete Weltkrich goufen d'Eegentemer als Judden expropriéiert, an den Okkupant huet an deene Raimlechkeete Gasmaske produzéiert. D'Produktiounskapazitéite waren net méi ausgelaascht. 1945 sinn nëmme méi 1.800 Puer Händsche produzéiert ginn, verglach mat enger Produktiounskapazitéit vu 75.000 Puer virum Krich.

Der Händschenindustrie ass soss näischt iwwereg bliwwen, wéi hir Dieren 1947 zouzemaachen.

Literatur

änneren
  • Haas, Armand, Picard, Jean-Jacques: Constructions & Sites industriels au XXe siècle au Grand-Duché de Luxembourg, 2000, Compagnie Fiduciaire,Luxembourg: Imprimerie Saint-Paul S.A.. Ce livre a été publié à l'occasion du 50e anniversaire de la Compagnie Fiduciaire 343 S.

Kuckt och

änneren

Referenzen an Notten

änneren
  1. Von alten Straßen und Gewerben. d'Lëtzebuerger Land, S. 10 (07.09.1956). Gekuckt de(n) 14.05.2021.
  2. 2,0 2,1 Evy Friedrich, Paul Ruppert, Bona Via, Bonus Vicus: Bonneweg und seine Geschicht. ons stad (1984). Gekuckt de(n) 15.05.2021.