Marc Hansen (1971)

lëtzebuergesche Journalist a Politiker
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem DP Politiker Marc Hansen. Fir dee vun Déi Gréng, kuckt wgl. Marc Hansen (1968).

De Marc Hansen, gebuer den 10. Abrëll 1971 an der Stad Lëtzebuerg,[1] ass e lëtzebuergesche Journalist a Politiker (DP).

Marc Hansen
Gebuer 10. Abrëll 1971
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch
Aktivitéit Politiker, Journalist
Partei Demokratesch Partei

Karriär änneren

De Marc Hansen ass zu Steesel opgewuess an huet 1991 seng Première am Kolléisch an der Stad gemaach.

Vun 1994 un huet hie bei RTL geschafft, wou hien ënner anerem de Sport presentéiert huet. Am Juni 2009 gouf bekannt, datt hien RTL géif verloossen, fir Pressespriecher bei der DP ze ginn.[2]

No senger Kandidatur op der DP-Lëscht am Bezierk Norde bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 ass hien de 5. Dezember 2013 op d'Plaz vum Fernand Etgen, dee Minister gouf, "nogerëtscht"[3]. Nodeem den André Bauler aus gesondheetleche Grënn aus der Regierung zeréckgetrueden ass, gouf de Marc Hansen a senger Plaz den 28. Mäerz 2014 als Staatssekretär am Erzéiungsministère vereedegt.[4] Zousätzlech koum en de 27. Mäerz 2015 als Staatssekretär an de Wunnengsbauministère.

De Marc Hansen war vun 2005 bis 2014 Schäffen an der Gemeng Useldeng. Vum 25. Oktober 2011 bis Mäerz 2014 war hien Administrateur-délégué vun den Éditions Lëtzebuerger Journal.[5]

Den 28. Mäerz 2014 gouf hien, an der Regierung Bettel-Schneider, als Staatssekretär am Erzéiungsministère ernannt, zoustänneg fir Héichschoul a Recherche, an de 27. Mäerz 2015 zousätzlech als Staatssekretär am Wunnengsbauministère. Den 18. Dezember 2015 gouf hien als Minister fir de Logement an delegéierte Minister fir Héichschoul a Recherche nominéiert.

Vum 5. Dezember 2018 bis de 17. November 2023 war hie Minister fir d'Fonction publique an d'Relatioune mam Parlament an delegéierte Minister fir Digitalisatioun a fir d'administrativ Reform an der Regierung Bettel-Schneider-Braz (um Enn: Regierung Bettel-Lenert-Bausch).

De Marc Hansen ass zanter dem 28. November 2015 zweete Vizepresident vun der Demokratescher Partei.

Privates änneren

De Marc Hansen ass bestuet an huet zwee Kanner. Hien ass de Brudder vum Patrick Hansen, dem Grënner vu Luxaviation.

Literatur änneren

  • Stefan Kunzmann: Der Mann für alle Fälle, Revue vum 20. Mee 2015 S. 16 - 21

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Mémorial C Nr 1056 vum 21. Oktober 2004, S. 50670
  2. http://www.paperjam.lu/presse/2009/06/1106_RTL/index.html
  3. Assermentation de 25 nouveaux députés." chd.lu, 5. Dezember 2013.
  4. "Den ugekënnegte Regierungswiessel gëtt um Freideg offiziell." rtl.lu, 28.03.2014, 08:05:32.
  5. Archive copy Archivéiert op 2012-08-04. Gekuckt de(n) 2011-10-25.