Cape Canaveral AFS Launch Complex 2

De Cape Canaveral AFS Launch Complex 2 (LC-2) ass eng Startramp vun der Cape Canaveral Air Force Station op Merritt Island, Cape Canaveral a Florida, USA déi netz méi benotzt gëtt. Si gouf tëscht 1954 an 1960 fir 15 Starte fir d'Entwécklung a fir Tester vun Snark-Marschfluchkierper gebraucht.

CCAFS LC-2
Kategorie Orbital Launch Site
Bedreiwer US Air Force
Launch-Pads 1
Rakéiten Snark
Éischte Start 18. Februar 1954
Leschte Start 6. Abrëll 1960
Starten Total 15
Status inaktiv
Koordinaten 28° 27’ 55.91’’ N
      80° 32’ 10.24’’ W
Cape Canaveral Air Force Statioun

Geschicht änneren

Ufanks gouf d'Startramp zesumme mam LC-1, LC-3 an LC-4 fir de Snark-Marschfluchkierper-Programm gebaut. Den éischte Start war den 18. Februar 1954. De Startkomplex gouf bis de 6. Abrëll 1960 fir Marschfluchkierper benotzt.

Duerno gouf hien als Helikopterlandeplaz wärend dem Mercury-Programm gebraucht. Fir d'lescht gouf d'Startplaz an den 1980er Jore fir Radarballone benotzt.

Um Spaweck änneren

  • (en) Encyclopedia Astronautica: LC-2