Scout ass eng US-amerikanesch Drorakéit a gouf och vun der European Space Research Organisation (ESRO) gebraucht. Fir de Start wëssenschaftlecher Klengsatellitte gouf vun 1958 un, vun der NASA eng bëlleg an onkomplizéiert Rakéit verlaangt. Dës gouf vun der Firma Ling-Temco-Vought Aerospace gebaut. Den erfollegräichen éischte Start war de 4. Oktober 1960.

Scoutrakéit beim Start (NASA)

D'Scout-Rakéit huet an alle 4 Stufen Feststoffdreifwierker. Si gouf vu Vandenberg an der Wallops Flight Facility gestart, fir kleng Satellitten an den Orbit ze bréngen. An den 1970er Jore gëtt d'Rakéit Scout och vun der virum Kenia verankerter italieenescher San-Marco-Plattform gestart.

De leschte Start vun enger Scout-Rakéit war den 9. Mee 1994 vum Space Launch Complex 5 vun der Vandenberg AFB an hat de Satellit MSTI-2 an de Weltraum geschéckt.

Den einfache Grondopbau an déi kleng finanziell Käschten haten de Scout zu der Basis eegener Entwécklungen an anere Länner, sou Italien, Argentinien an Indien gefouert.

  • Déi éischt Stuf Algol gouf aus enger Entwécklungsstuf vun der Polaris (SLBM) ofgeleet.
  • Déi zweet Stuf Castor gouf aus dem Dreifwierk vun der militärescher Sergeant-Kuerzstreckenrakéit entwéckelt.
  • Déi drëtt Stuf Antares staamt aus der Entwécklung vun der drëtter Stuf vun der Vanguard-Rakéit.
  • Déi véiert Stuf Altair gouf och vun der Vanguard ofgeleet.
  • An e puer Fäll (Scout C an Scout E) gouf nach eng fënneft Stuf Alcyone gebraucht.

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck

änneren
Commons: Scout – Biller, Videoen oder Audiodateien