D'Thor (PGM-17 Thor) war eng an den USA entwéckelt a produzéiert eestufeg ballistesch Mëttelstreckerakéit (Intermediate Range Ballistic Missile, kuerz IRBM). Se gouf mat flëssegem Sauerstoff an RP-1, enger Kerosinaart, ugedriwwen. Si hat eng Längt vun 19,8 Meter an en Duerchmiesser vun 2,44 Meter. D'Startmass war 49.900 Kilogramm.

Déi éischt Thor-IRBM (Nr. 101) virum Start zu Cape Canaveral, Florida (25. Januar 1957)
Thor Able I mat Pioneer 1
Thor Able-Star

Entwécklung änneren

D'Entwécklung vun der Thor hat am Joer 1954 mat Studië fir eng Rakéit mat 2.400 km Reechwäit ugefaangen, woubäi eng vun de Prioritéite war, datt s'an en C-124-Transporter passe sollten. Den Entwécklungsvertrag fir d'Thor-Rakéit gouf mat der Douglas Aircraft Company am Dezember 1955 ënnerzeechent. D'Entwécklung war am Juli 1956 fäerdeg, den éischte Produktiounsmodell vun der Thor-Rakéit gouf un d'U.S. Air Force op der Cape Canaveral Air Force Station a Florida geliwwert. D'Tester sinn wärend 11 Méint gelaf. Den Thor-Rakéiteprogramm hat domat déi kierzt Testperiod ier en an den US-amerikanesche Rakéiteprogramm opgeholl gouf.

Déi éischt véier Thor-Teststarten (vum 25. Januar 1957 un) ware schif gaangen. No dëse fréie Mësserfolleger goufen d'Studien intensivéiert an d'Starten haten Erfolleg. D'Rakéit goung am September 1958 an den aktive Bestand vun der USAF, woumat si déi weltwäit éischt Mëttelstreckerakéit war, déi a Betrib geholl gouf.

D'Thor gou 1959 als betribsbereet erkläert an dem Strategic Air Command zougedeelt. D'Rakéit gouf tëscht 1959 an 1963 och a Groussbritannien opgestallt, wou si der Royal Air Force ënnerstallt war.

Mat der Entwécklung vu bessere Rakéite gouf d'Thor 1963 als Waffesystem ausgemustert.

Asaz als Drorakéit änneren

Schonn am fréien Entwécklungsstadium gouf bemierkt, datt d'Thor sech gutt als Basis fir eng Satellittendrorakéit eegent. Den éischte Start vun der Thor an der Roll vun enger Drorakéit war den 23. Abrëll 1958, hat awer mat enger Explosioun en Enn fonnt. Dono gouf si fir d'Raumfaart intensiv weiderbenotzt, wou si spéider d'Basis fir d'Delta-Famill gebilt huet. D'Thor-Rakéit als éischt Rakéitestuf gouf mat verschiddenen Uewerstufe fir d'Starte vun ënnerschiddlechen Notzlaaschten benotzt:

  • Thor Able: Thor mat der Uewerstuf vun der Vanguard-Rakéit, gouf fir déi éischt Raumsonde vum Typ Pioneer benotzt (éischte Start 23. Abrëll 1958 (Feelstart), leschte Start 1. Abrëll 1960, 16 Starten am Total).
    • Thor Able mat Vanguard-Zweetstuf
    • Thor Able I mat Altair-Feststoffdreifwierk als Drëttstuf
    • Thor Able II/III/IV mat par Rapport zur Able verbesserten Zweetstufendreifwierker
    • Thor Able II M1 war eng Able II mat Altair-Feststoffdreifwierk als Drëttstuf
  • Thor Ablestar: verbessert Thor Able, haaptsächlech fir militäresch Notzlaaschten (éischte Start war den 13. Abrëll 1960, leschte Start den 13. August 1965, am Ganzen 19 Starten, dovu 14 erfollegräich).
    • Thor Able-Star: Versioun mat vergréisserten Dreifstoffreserve vun der Uewerstuf
    • Thor Able-Star 2: Versioun mat verbesserter éischter Stuf (Thor DSV 2A amplaz Thor DM 21)
  • Thor Delta: verbessert Thor Able, haaptsächlech zivil Notzlaaschten: z. B. TIROS, Telstar, spéider einfach Delta genannt
  • Thor Agena: méifach zündbar Uewerstuf, haaptsächlech militäresch Notzlaaschten: z. B. Discoverer, Keyhole, am Ganzen 365 Stéck gebaut
    • Thor Agena A: mat Agena Uewerstuf vun der Atlas-Rakéit (éischte Start 21. Januar 1959, leschte Start 13. September 1960).
    • Thor Agena B: Versioun mat verduebelter Dreifstoffreserve a wéineg verbessertem Dreifwierk Bell 8061 oder spéider Bell 8069, (éischte Start 26. Oktober 1960, leschte Start 15. Mee 1966, 45-mol gestart, dovun 9 Feelstarten).
    • Thor Agena D: standardiséiert Versioun vun der Agena B fir ënnerschiddlech Notzlaaschten (éischte Start 28. Juni 1962, leschte Start 17. Januar 1968).
    • Thrust Augmented Thor Agena B/D: mat dräi Castor-1-Feststoffrakéiten um Schubgerëscht vum Éischtstufendreifwierk eng verstärkt Thor Agena B/D
  • Thor Burner: modifizéiert Mëttelstreckerakéit mat klenger Feststoff-Uewerstuf, haaptsächlech fir de Start vu militäreschen DMSP-Wiedersatellitten agesat, vum 20. Mee 1965 bis 19. Februar 1976 vum Startkomplex SLC-10 zu Vandenberg, am Ganzen 24 Starten mat zwée Feelschléi
    • Thor Burner 1: mat Star-20-Feststoffundriff
    • Thor Burner 2: mat Star-37-Feststoffundriff als Zweetstuf a Star-13-Feststoffundriff als Drëttstuf
    • Thor Burner 2A: mat Star-37B-Feststoffundriff als Zweetstuf a Star-26B-Feststoffundriff als Drëttstuf

Fir d'Leeschtungsverbesserung goufen d'Thor Agena an d'Thor Delta mat dräi zousätzleche klengen Hëllefsrakéiten verstäerkt. Domat war si bal duebel sou staark wéi déi éischt d'Thor.

D'Long Tank Thor (Thorad Agena D SLV 2G respektiv 2H) war eng verbessert Versioun vun der Thor-Éischtstuf, déi fir d'éischt Kéier am Summer 1966 gestart war. Si hat eng Längt vun 21,5 Meter a konnt domat 20 % méi Dreifstoff faassen. Den Duerchmiesser hat 2,44 Meter. Si gouf tëscht dem 9. August 1966 an dem 25. Mee 1972 am Ganzen 43-mol (bei zwéi Feelstarten) fir de Start vu militäresche Keyhole an e puer ziville Satellitten (z. B. OGO 6) agesat. D'Notzlaascht war 2 Tonnen an engem niddregen Orbit.

1960 gouf déi éischt Thor-Delta, eng verbessert Thor-Rakéit, agefouert. Den Numm gouf offiziell op Delta verkierzt, fir se vun de militäresche Variatiounen z'ënnerscheeden, déi weider den Numm Thor haten.

Vum Loftwaffestëtzpunkt Vandenberg gouf déi Rakéit bis 1972 gestart, woubäi si souwuel militäresch wéi och zivil Satellitten an d'Ëmlafbunn bruecht hat.

Technesch Daten änneren

Basis vun allen Thor-Rakéiten ass déi éischt Stuf vun der Interkontinentalrakéit. Déi war mat engem hydraulesch ëm zwou Achse schwenkbare Rocketdyne LR79-NA-9 (och als SD-3 oder MB-3 bezeechent) mat 760 kN Vakuumschub ausgerëscht, dat och an der Atlas an an der Juno II agesat gouf. Zousätzlech hunn zwee méi kleng Vernier-Dreifwierker vum Typ LR-102 mat jee 4,54 kN Schub an ëm 6° gebéiten Düse fir d'Rollsteierung gesuergt. D'Dreifstofftanken (Sauerstofftank ënnen, Kerosintank uewen) waren aus zwou Hallefschuelen zesummegebaut, déi eng Wandstäerkt vu 6,35 mm haten. Fir d'Drorakéite gouf déi éischt Stuf mat verschiddenen Uewerstufen – beispillsweis der Able, verschiddenen Agena-Versiounen a spéider och der Vanguard – ergänzt. Doduerch entstounge méi Versiounen, aus deenen déi spéider Delta-Rakéit entstoung.[1]

Thor IRBM Thor Able IV Thor Agena A Thor Able-Star Thor Burner 2A Thor AT Agena D Thorad Agena D SLV2H
Längt 19,8 m 27,0 m 25,8 m 24,6 m 22,9 m 29,3 m 33,4 m
Duerchmiesser 2,44 m
Startmass 49,9 t 52,0 t 53,1 t 53,0 t 51,8 t 71,0 t 85,1 t
Notzlaascht LEO W-49 120 kg (40 kg ESC) 250 kg 150 kg 770 kg (300 kg SSO) 1500 kg (650 kg SSO) 2.000 kg (750 kg SSO)
Stufen 1 3 2 3
1. Stuf
Dreifwierk Rocketdyne LR-79-7 Rocketdyne MB-3-3
Startschub 667 kN 765 kN
Dreifstoff RP-1/LOX
Brenndauer 165 s 164 s 165 s 215 s
Start-/Eidelmass 49,34 / 3,12 t 49,34 / 3,12 t 49,34 / 3,12 t 48,35 / 2,95 t 49,34 / 3,18 t 49,34 / 3,12 t 71,51 / 3,72 t
Längt 18,4 m 19,2 m 18,4 m 21,4 m
Duerchmiesser 2,44 m
2. Stuf
Dreifwierk Aerojet AJ-10 Bell 8048 Aerojet AJ-10-104 Thiokol TE-M-364-2 Bell 8081 Bell 8086
Schub 34,3 kN 68,95 kN 35,1 kN 44,5 kN 71,2 kN 71,2 kN
Dreifstoff UDMH/Salpéitersaier HTBP UDMH/Salpéitersaier
Start-/Eidelmass 2,27 / 0,82 t 3,79 / 0,89 t 4,47 / 0,59 t 0,72 / 0,065 t 6,82 / 0,67 t
Brenndauer 115 s 120 s 296 s 42 s 240 s
Längt 6,57 m 4,73 m 5,88 m 0,84 m 7,09 m 6,23 m
Duerchmiesser 0,84 m 1,52 m 1,40 m 0,84 m 1,52 m 1,52 m
3. Stuf Booster
Dreifwierk Allegheny Ballistics
X-248
Thiokol TE-M-442-1 3 × M-33-20-4 3 × TX-354-5
Schub 12,45 kN 34,63 kN 450,3 kN 474 kN
Dreifstoff Fest Fest Fest Fest
Start-/Eidelmass 250/39 kg 261/23 kg 3.850/535 kg 4.470/695 kg
Brenndauer 38 s 18 s 37 s 40 s
Längt 1,55 m 0,66 m 5,72 m 7,75 m
Duerchmiesser 0,46 m 0,66 m 0,79 m 0,79 m

Diverses änneren

 
Déi éischt Stuf vun der Delta II, eng Thor XLT

Déi éischt Stuf vun der haiteger Delta II ass ëmmer nach eng Thor-Versioun. Si heescht Thor XLT (Extra Extended Long Tank). Si ass staark fir d'Tankvergréisserung verlängert ginn, datt d'Delta II am vollgetanktem Zoustand ouni d'Feststoffboosteren net ofhiewe kann.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Thor – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Eugen Reichl: Das Raketentypenbuch. Motorbuch-Verlag, Stuttgart 2007, ISBN 978-3-613-02788-6.