Cape Canaveral AFS Launch Complex 36

Cape Canaveral AFS Launch Complex 36 (LC-36) ass e fréiere Startkomplex vun der Cape Canaveral Air Force Station op Merritt Island beim Kap Canaveral a Florida, USA. Do stinn déi zwou Startrampe 36A a 36B.

CCAFS LC-36
Eng Atlas-Centaur mat Mariner 10 um Pad 36B
Bedreiwer NASA / US Air Force / General Dynamics
Typ Orbital Launch Site
Breetegrad 28.4696
Längtegrad -80.5394
Bauufank 1961 (36A) / 1963 (36B)
Launch Pads 2 (36A, 36B)
Rakéiten Atlas
Éischte Start 9. Mee 1962
Leschte Start 3. Februar 2005 (NOSS 3)
Starten 145
Status inaktiv
Eng Atlas-Centaur start mat Surveyor 1 op den Äerdmound

Den LC-36 war vu grousser Bedeitung fir d'Erfuerschung vun eisem Sonnesystem: Surveyor-, Mariner- a Pioneer-Raumsonde si vun do gestart.

Geschicht änneren

D'Bauaarbechte fir de Launch Complex 36 haten am Februar 1961 ugefaangen. Deemools gouf am Ufank nëmmen de Pad A gebaut. Eréischt Ufank 1963 ass dann och de Pad B gebaut ginn.

Bis Enn 1989 waren d'Rampen ënner der Féierung vun der NASA. Verschidde Fuerschungsmissioune goufe vun do gestart: No ettlechen Tester mat Surveyor-Modeller gouf den 30. Mee 1966 Surveyor 1 gestart, gefollegt vun de weidere Sonde vun där Rei. Tëscht Februar 1969 an November 1973 goufen d'Mariner-Missioune 6 bis 10 an de Raum gestart. Als Nächst goufen eng Rei vun Intelsat-Satellitte sou wéi d'Pioneer 10, 11 an déi zwou Pioneer-Venus-Sonden an de Raum geschoss.

Duerno huet d'NASA d'Rampen un d'US Air Force an un d'General Dynamics iwwerginn, déi se fir militäresch a kommerziell Projete benotzt hunn. Déi éischt kommerziell Rakéit war de 7. Dezember 1991 gestart an deen éischte Militärsatellit den 11. Februar 1992.

Vum Oktober 2005 un goufe keng Rakéite méi do gestart an de 16. Juni 2007 goufen déi zwou Startrampe gesprengt.[1],[2]

De 7. August 2008 gouf Space Florida, eng bundesstaatlech Organisatioun fir d'Ënnerstëtzung vun der Raumfaart a Florida, bekannt, datt si mat der USAF e Vertrag ofgeschloss huet, fir den LC-36 ëmzebauen a kommerziell ze vermaarten.[3]

De Komplex änneren

Den LC-36 bestoung aus zwou Startrampen déi sech geglach hunn. All Unitéit hat e mobile Servicetuerm (Mobile Service Tower (MST)) an e méi klengen Hëllefstuerm (Umbilical Tower (UT)), deen d'Atlas-Rakéite bis kuerz virum Start alimentéiert huet an net beweeglech war. D'Tierm waren 56,38 m resp. 63,7 m héich.

Wéi déi meescht Servicetierm hat den MST e Kran, mat deem déi iewescht Stuf an d'Notzlaascht montéiert konnte ginn. Déi éischt Stuf gouf mat Seeler, déi net um Kran montéiert waren, verbonnen a mat dem Unhänger vum Camion opgestallt.

Den Zesummebau vun enger Atlas op LC-36 änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. spaceflightnow.com: Complex 36 mobile service towers brought down (en)
  2. spaceflightnow.com: Former Atlas launch towers knocked down at Complex 36 (en)
  3. spaceflorida.gov: U.S. Air Force to license Launch Complex 36 to Space Florida (en)