Den Explorer 1 war den éischte kënschlechen Äerdsatellit vun den USA (1958) a weltwäit den drëtten no de béide Satellitte Sputnik 1 an 2 vun der Sowjetunioun.

Explorer 1
Den Explorer 1
Typ Fuerschungssatellit
Land USA
Apogeum 2550 km
Perigeum 358 km
Bunnschréi 33,24°
Mass 13,9 kg
Bunn-Ëmlafzäit 114,8 min
Moossen 205 cm Längt; 16 cm Duerchmiesser
Start 1. Februar 1958, 03:48 UTC
Startplaz Cape Canaveral LC-26A
Drorakéit Jupiter-C/Juno I RS-29
Status vergloust den 31. Mäerz 1970
Start vun Explorer 1 (Drorakéit Jupiter-C)
Nom erfollegräiche Start vun Explorer 1 halen d'Projetsleeder e Modell héich: Den Dr. William H. Pickering, den Dr. James A. Van Allen an den Dr. Wernher von Braun

Geophysik a Rakéitentechnik änneren

Den Explorer 1 war den éischte Satellit vum Explorer-Programm, dem gréisste Programm vu Satellitten a Raumsonde vun den USA. Déi meescht dovun (iwwer 80) waren erfollegräich an hu bei der Erfuerschung vun der Ionosphär, der Äerdfuerschung (Distanzfuerschung) an der Astronomie gehollef.

D'wëssenschaftlech Ursaach fir den Explorer 1 war d'Polar- resp. Ionosphärefuerschung an dat (éischt) Internationaalt Geophysikalescht Joer 1957/58. De Start war vum President vun de Vereenegte Staaten schonn am Juli 1955 ugekënnegt ginn (véier Deeg drop war eng änlech Ukënnegung vun der Sowjetunioun publizéiert ginn, déi du virun den USA den éischte Satellit gestart hat).

Awer och militärtechnesch Grënn haten eng Roll (Kale Krich, Interkontinentalrakéiten) gespillt.

Explorer 1 als Ersatz fir Vanguard änneren

De Start vun Explorer 1 war den 1. Februar 1958 um 3:48 UTC (31. Januar um 22:48 Auer Lokalzäit) vun der Startramp 26 vun der Cape Canaveral Air Force Station. D'Startfënster war véier Stonnen, tëscht 3:30 UTC a 7:30 UTC, op.

Ufanks sollt de Satellit schonn zwéin Deeg virdrun an de Raum bruecht ginn – de Start hat awer wéinst schlechtem Wieder (Jetstream) zweemol misse verréckelt ginn.

Gestart gouf „Explorer 1“ mat der véierstufeger Drorakéit vum Typ Juno 1, enger liichter Modifizéierung vun der Mëttelstreckerakéit Jupiter C. D'Startramp stoung an der Géigend vum Kap Canaveral op der laanger Hallefinsel op der Atlantikküst vu Florida.

Den Explorer 1 bestoung aus engem 205 cm laangen Zylinder mat engem Duerchmiesser vu 16 cm an hat eng elliptesch Ëmlafbunn tëscht ronn 360 km an 2.530 km Héicht erreecht. Bei enger totaler Mass vun 13,9 kg waren 8,3 kg Notzlaascht. Den Explorer war mat Telemetrie-Antennen an geophysikalesche Moossinstrumenter ausgerëscht – ë. a. Magnéitometere mat deenen d'Van Allen-Stralungsceinture ëm d'Äerd nogewise gouf.

Aus politesche Grënn hätt ufanks eng vun der US-Navy gebaut Sond – déi kleng Vanguard 1 – den éischte kënschtleche Satellit vun den USA sollte ginn. Nom Feelstart vum 6. Dezember 1957 (déi dräistufeg Drorakéit war nach net getest ginn) krut de Wernher von Braun op säi Gedierängels hin d'Erlabnes, e Satellit an d'Aerdëmlafbunn ze starten.

Den Explorer 1 war däitlech méi kleng a méi liicht wéi de sowjetesche Sputnik, hat awer vill Moossdaten iwwer d'Ionosphär gesammelt, déi op eng Stralungsceinture (spéider Van-Allen-Ceinture genannt) ronderëm d'Äerd schléisse gelooss hunn. Mat den Explorer-Starten duerno gouf d'Stralungsceinture – an eng zweet déi baussenzeg dovu läit – méi genee erfuerscht an et huet sech erausgestallt datt se geféierlech fir déi bemannt Raumfaart wier.

CalTech, von Braun an d'V2 änneren

D'Pläng an de Bau vum Satellit ware vum Jet Propulsion Laboratory (JPL) an dem California Institute of Technology (Caltech ënner der Leedung vum Dr. William H. Pickering) gemaach ginn. D'Moossinstrumenter hat den Dr. James Van Allen entwéckelt, d'Jupiter-Rakéit war eng Modifikatioun vun der Mëttelstreckerakéit vum Typ Redstone. Si koum aus dem Betrib vun der ABMA ënner der Leedung vum Wernher von Braun, dem fréieren däitsche Rakéitepionéier vu Peenemünde. D'Jupiter-C war en direkte Nokomme vun der däitscher A4 (V2) a gouf 1955–56 entwéckelt.

Luest Eroffale vun der Ëmlafbunn änneren

Am Laf vun der Zäit ass d'Bunn wéinst der Bremswierkung vun den ieweschte Loftschichten (Exosphär) lues erofgefall – am Duerchschnëtt ëm 30 km pro Joer. Doraus konnt – wéi och aus den éischte sowjetesche Satellitten – schonn 1958/59 de Modell vun der héijer Äerdatmosphär verbessert ginn. Déi bis dato ugeholle Loftdicht war vill ze kleng ugesat ginn. No 12 Joer am Raum war den Explorer den 31. Mäerz 1970 an enger Héicht vun 100 km vergloust.

Literatur änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Explorer 1 – Biller, Videoen oder Audiodateien